Am Kader vum Bommeleeër-Prozess: Bléck op eng Kommando-Aktioun ugangs den 80er-Joren bei der WSA zu Beetebuerg.

Zwee am Eislek parachutéiert Amerikaner haten den Uerder, bei der WSA zu Beetebuerg anzebriechen – e "Stay-behind-Manöver", deen un d'Bommeleeër erënnert, sot RTL en Informant.

AUDIO: Stay-Behind-Aktioun bei der WSA an den 80er: Nico Graf

De – geduechte – Kader ass deen traditionelle vu "Stay behind", dat heescht: D'Kommuniste sinn do an et muss Resistance géint si gemaach ginn. Duerfir ginn d'Kräften am Underground trainéiert. An deem Sënn hunn zwee Amerikaner d'WSA zu Beetebuerg ufangs vun den 80er-Joren am Fréijoer nuets iwwerfall ...

AUDIO: Stay-Behind-Aktioun bei der WSA an den 80er: Zeienausso

Déi zwee Amerikaner sollten elektronescht Material an der WSA stielen. Si hunn et op den Terrain vun der WSA gepackt. Hir Walkie-Talkien hunn awer net fonctionnéiert an dowéinst konnt d'Equipe, déi hinne vu bausse gehollef huet, si net warnen, datt d'Garde vun der WSA ënnerwee war a si gesinn hat. D'Garde huet déi zwee arrêtéiert. A well an der Noperschaft vill Kofferkabele gestuel gi waren, dowéinst war Diddelenger Police no 2 Minutten op der Plaz an huet d'Amerikaner arrêtéiert. Se souzen am Gardenhaischen. An du sinn d'Explikatiounen an d'Verhandlungen ugaang. D'Enn vum Lidd war, datt déi Lëtzebuerger Arméi komm ass an déi zwee Abriecher matgeholl huet. An den Incident war "clos" ouni weider – och keng juristesch - Suitten ze kréien. Den – eeschten – Training fir "Stay behind" a fir d'WSA war gelaf.

RTL

Eisen Informatiounen no woussten nëmmen d'Spëtzt vun der Arméi an déi vun der WSA Bescheed iwwer d'Kommando-Aktioun. Déi ferm hätt kënne schif goen, well d'Amerikaner waren duerchtrainéiert Buggeren ...

Deen, deen eis vum den Iwwerfall op d'WSA geschwat huet, dee war selwer Member an der Force publique. Hien gesäit de grousse Kader ganz däitlech: "Wann ech elo d'Informatioune kréien, déi lues a lues am Kader vum Bommeleeër-Prozess erauskommen, da setzen ech dat do voll a ganz an de Kontext vu 'Stay behind', Gladio, vun där Schattenarméi, déi deemools op d'Bee gestallt ginn ass ... Dat gëtt esou munches ze denken, sinn déi Attentater, déi kuerz drop, déi 3, 4 Joer drop verüübt gi sinn, sinn dat lo just lokal lëtzebuergesch Initiativen oder war dat hei e Virleefer vun der Bommeserie, vun de Bommenattentater, déi duerno komm sinn, wou jo och strategesch wichteg Plaze viséiert waren, notamment de Findel an et gëtt jo näischt méi Brisantes, wéi nieft dem Findel och nach e Militärlager ze viséieren."

... an et ass eben d'Fro, ob bei de Bommenattentater net Manöver a Realitéit aneneen iwwer gaang sinn.