Um 5. Prozessdag goung et e Méindeg iwwert Explosiounen ... an iwwert Zeien, déi verdächteg Leit gesinn hunn. Hei 2 Phantombiller.

De 5. Dag vum Bommeleeërprozess hat et nawell a sech: De Me Vogel huet gefrot, ob eng aktuell Explosioun e Rapport zu der Bommeserie hätt a firwat ee Rapport verschwonnen ass an et huet wësse gedoen, datt de Prënz Jean bei engem Manöver am Éislek war - zum Zäitpunkt vun engem Attentat. Fir den Affekot e Lien tëscht dem Prënz an dem "Stay behind".

AUDIO: Bommeleeër: De 5. Prozessdag aus der Siicht vum Nico Graf

Am Wesentleche goung et awer ëm d’Attentat an de Kasematten, wou jo eng belsch Koppel 4 Täter gesinn hat. Vun engem gouf e Méindeg am Prozess e Portrait-Robot, also e Phantombild, gewisen: Et ass d’Gesiicht vun engem jonke Mann mat gekrauselten Hoer a mat engem opfällege ronne Metall-Brëll.

RTL

De Gaston Vogel sot och nach, all Dag kéimen a seng Etude nei Hiwäiser oder Piècen, déi beleeë géifen, datt d'Bläideckelen iwwer der Affaire am Gaange wieren ze schmëlzen.

Bommeleeër-Prozess: De 5. Dag mat interessanten Usiichten
E Méindeg gouf et am Geriicht iwwert Explosiounen ... an iwwert Zeien, déi Verdächteger gesinn hunn ...
Bommeleeër: Attentat an de Kasematten
.

Elo awer mol der Rei no ...

Chronik vum 5. Prozessdag

Um 5. Dag vum Bommeleeër-Prozess huet de Mâitre Gaston Vogel e Méindeg de Mëtteg fir unzefänken direkt 3 Declaratioune gemaach.

Hie wëll, dass de Brand - oder d’Explosioun - vun engem Chalet zu Bauschelt, een Dag virum Optakt vum Prozess virun enger décker Woch, analyséiert gëtt.

De Gaston Vogel huet och vun engem Police-Rapport geschwat, an deem Rieds goung iwwer Lächer an der Gréisst vun Dynamit-Staangen an de Beton vun engem Pylône zu Izeg. D’Observatioun gouf deemools refuséiert an de Pylône ass explodéiert. De Rapport vun deemools ass verschwonnen.

Eng drëtt Informatioun concernéiert de Prënz Jean. Dee war de 7. Mee 1985 an engem Manöver vun der Arméi am Éislek. Dës Informatioun huet den Affekot vum Prënz, de Me Entringer, elo am Dossier bäigesat. Deen Dag gouf et och een Attentat.

AUDIO: Bommeleeër: De Me Vogel um 5. Prozessdag

Reaktioun vum Parquet op d'Deklaratioune vum Me Vogel:

Et wier een um Courant iwwert d'Feier am Chalet, ma et wier wuel e Sickerbrand; wat de Rapport ugeet, wier den Enquêteur Klein do a kinnt gefrot ginn; a wat de Prënz ugeet, wier keng Aufgab un d'Geriicht gestallt.

E Méindeg um 5. Prozessdag goung et da weider mat den Aussoe vun den Enquêteuren. Et war nach ëmmer um Tour vum Carlo Klein, dee war schonn dee leschten Donneschdeg zu Wuert komm an huet um Méindeg ë.a. iwwert d'Explosiounen zu Aasselscheier - versichten Attentat mat Sprengfal - an an de Kasematte geschwat. Bei dësem Attentat ware jo bekanntlech 4 Persoune gesi ginn.

De Me Vogel huet an deem Kontext dës Fro opgeworf: Der Kontrollkommissioun Geheimdéngscht no wiere kuerz virum Attentat bei de Kasematte 4 Leit gesi ginn - waren dat Stay-behind-Leit?

De Carlo Klein sot aus, datt zanter dem Kasematten-Attentat an Zeienaussoe vu belschen Touristen gewosst wier, datt d'Bommeleeër op d'mannst zu 4 waren an zwar tëscht 20 a 25 Joer al.

Géint 16.45 gouf eng Paus ageluecht, déi bis zirka 17 Auer gedauert huet.

Den Commissaire en chef Klein ass dono op d'Attentat op d'Lëtzebuerger Wort agaangen. Och d'Attentat - zur Fouerszäit - um Glacis op e Policeposten an eng Garage vu Ponts & Chaussées ass zur Sprooch komm.

Zum Historique vun den Attentater

D'Konstruktioun vun der Sprengfal mat der Täscheluucht zu Aasselscheier ass explizéiert ginn, mä de Plat de resistance war e Méindeg d'Attentat an de Kasematten, deeselwechten Dag de 5. Juli 1985. Do hat jo eng belsch Koppel 4 Attentäter um Helleg-Geescht-Plateau gesinn. Déi Leit hu fir d'éischt – aus Angscht – incognito ausgesot, herno awer nach e puer Mol. A si hu quasi Zwillinge beschriwwen als Täter, eng opfälleg Koppel vu jonke Männer a vun engem Täter ass e Portrait-Robot gemaach ginn: Gewise gouf am Geriicht d’Gesiicht vun engem jonke Mann mat gekrauselten Hoer a mat engem opfällege ronne Metall-Brëll. E Portrait, deen ni publizéiert ginn ass ...

Zu den Attentater, am August 1985, op e Policeposte fir d’Schueberfouer an d’Garage vun de Ponts&Chaussées huet de Me Vogel de Polizist nach gefrot, ob d’Opnam vun engem anonymen Telefon dozou geläscht gouf; de Carlo Klein huet deklaréiert, dat nozekucken.

Mat Informatiounen zum Attentat, am September 1985, op d’olympesch Schwämm um Kierchbierg koum dee 5. Prozessdag op en Enn.

Den Dënschdeg de Mëtten um 15 Auer geet et virun.