Bommeleeër: Weider Attentater koumen zur Sprooch

Am Prozess war et um Dënschdeg, um sechsten Dag, d'Suite vun den Aussoe vum Enquêteur Klein. Och nei Phantombiller goufe gewisen.
Ëm 14 Auer, wéi d'Dieren an den Audienzsall opgoungen, stoungen ewell eng Partie Leit do ze waarden, fir de Prozess vu 15 Auer u live ze suivéieren.
Den Interessi um Prozess war nom 5. Dag um Méindeg nach eemol méi grouss gi sinn, well du fir d'éischt och Phantombiller vun de Verdächtege gewise goufen - erstallt gi waren dës Portrait-Roboten no Zeienaussoe vu belschen Touristen, dat am Kader vum Attentat bei de Kasematten.

© Sam Dickes
Um Dënschdeg
Als Éischten huet en Ex-Polizist (John Gindt) ausgesot zum Attentat Izeg - do war jo um Méindeg d'Fro opkomm, firwat do e Rapport verschwonnen ass: De Mann sot, säi Rapport zum Attentat Izeg wär verschwonnen; deen Dag gëtt et net!; hie gouf um "Bommentelefon" vun engem Polizist bei deen anere verwisen; huet e Rapport fir de Parquet gemaach; weess net, ob deen do ukoum; huet nogefrot, ma krut keng Äntwert; krut vun Izeger Leit nom Attentat gesot: D'Police mécht jo näischt!
A senger Auditioun sot den Enquêteur Carlo Klein zu der Fro vun e Méindeg, ob eng Opnam vun engem anonymen Telefon zu den Attentater um Glacis geläscht gouf: "Weess keen eppes dovun!"
Den Enquêteur ass och op d'Attentat am Oktober 1985 op de Geriichtspalais ze schwätze komm: Deemools ware jo d'Büroe vun den Untersuchungsriichtere viséiert; een Zeien huet zwee Autoe gesi plus ee jonke Mann ...

Zur Sprooch koumen och:
D'Attentat am November 1985 um Findel; technesch Installatioune vum Instrumentelandesystem goufen do zerstéiert - Schued: 90 Millioune Frang Schued. Bei deem Attentat goufen 2 Persoune gesinn an hei ass och de Prënz Jean an d'Spill komm. Dëse System hat Lëtzebuerg wäit virubruecht, war awer nëmme wéineg geséchert.
Me Vogel: Fanger- oder Foussofdréck um Findel?
Klein: näischt am Dossier.
Me Vogel: "anonymen" Temoignage iwwer Attentat Findel; Zeien hunn zwee Leit gesinn, déi tëscht 18 an 22 Joer al waren; wie sinn déi Leit?
Procureur: näischt erausfonnt!
Bléck op d'Enquêtekommissioun SREL
D'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht war den Dënschdeg de Mëtte gutt 2 an eng hallef Stonn zesummen. Vill Informatioune goufen et duerno net fir d'Journalisten, schliisslech war et e "huis clos" ... e "huis clos", an deem nach emol de Chef vum Geheimdéngscht, de Patrick Heck, Froe gestallt krut.
De Gaston Vogel huet huet déi Enquêtekommissioun déi lescht Deeg scho méi wéi eemol kritiséiert, dat léisst de Kommissiounspresident Alex Bodry awer relativ kal.
Eng 160 Leit haten iwwregens gefrot, ob iwwert si eng Karteikaart beim Geheimdéngscht géif ginn. A 85 Prozent vun de Fäll gouf et keng. Dat huet den Alex Bodry um Bord vun der Geheimdéngscht-Enquêtekommissioun matgedeelt.
Réckbléck op e Méindeg
De 5. Dag vum Bommeleeërprozess hat et nawell a sech: De Me Vogel huet gefrot, ob eng aktuell Explosioun e Rapport zu der Bommeserie hätt a firwat ee Rapport verschwonnen ass an et huet wësse gedoen, datt de Prënz Jean bei engem Manöver am Éislek war - zum Zäitpunkt vun engem Attentat. Fir den Affekot e Lien tëscht dem Prënz an dem "Stay behind".
Am Wesentleche goung et awer ëm d’Attentat an de Kasematten, wou jo eng belsch Koppel 4 Täter gesinn hat. Vun engem gouf e Méindeg am Prozess e Portrait-Robot, also e Phantombild, gewisen: Et ass d’Gesiicht vun engem jonke Mann mat gekrauselten Hoer a mat engem opfällege ronne Metall-Brëll.


De Gaston Vogel sot och nach, all Dag kéimen a seng Etude nei Hiwäiser oder Piècen, déi beleeë géifen, datt d'Bläideckelen iwwer der Affaire am Gaange wieren ze schmëlzen.