Ugangs der 80er Joer hat et e Kommando-Iwwerfall op d' WSA zu Beetebuerg ginn, dat krute mer vun der kompetenter Plaz aus confirméiert!

Mat der Nuance, datt alles deemools vill méi schlëmm war wéi bis ewell bekannt. Et war deemools nämlech drop an drun, datt geschoss gi wier.
Zwee Männer ware nuets um Terrain vun der WSA erwescht ginn. Si waren grad am gaang eppes zou- oder opzeschrauwen un der Hall 20 vun der WSA, wéi d'Garde si arrêtéiert hunn. Déi zwee Männer gi beschriwwen net wéi Kleederschief, mä wéi Panzerschief, iwwer 2 Meter grouss, onheemlech muskulös. Se ware vu Kapp bis Fouss schwaarz ugedoen, inklusiv Händschen a schwaarz Cagoulen iwwert de raséierte Käpp. A se waren net nëmmen onheemlech mä och onheemlech professionell. Wéi se gepëtzt gi waren a vun enger Garde mat enger pump-action a Schach gehale gi sinn, hunn se kee Wuert méi gesot, stoungen nach just do. Iwwerdeems d'Garden an d' Gendarmen an d' Polizisten déi no a no geruff gi sinn immens Angscht haten, déi zwee kéinten op eemol ripostéieren. "Déi hätten eis all zesummen neutraliséiert", sot een deen derbäi war.

Mee déi zwee – professionell - hu gefollegt, hunn sech ausdoe gelooss, louchen herno am Kalzong um Buedem, haten Handschellen un. Ee vun hinnen hat eng Zort Morse-walkie-Talkie um Aarm, wou et ëmmer dra gepipst huet an deen aneren hat eng Trousse mat Abriechergeschirr um Aarm befestegt. Am huelen Tallek vun deem engen sengem Schong war eng Foto vun der WSA dran.

No a no stoungen eng Dosen Lëtzebuerger forces de l'ordre ronderem si.

An op eemol sinn d'Luuchten ausgaang. An der ganzer WSA war et stackdäischter an d'Polizisten, d'Gendarmen an d' Garden hunn sech drop preparéiert, datt se giffen attackéiert ginn. Si hunn hir Waffen entséchert a sinn an Deckung gaang. Eng onheemlech gespaanten Atmosphär, extrem geféierlech, och dowéinst well nach kee wosst wien se do gefaang haten. „Do ass Krich gespillt ginn“, krute mir gesot.

Bon, d' Luute sinn no enger Véierelstonn erëm ugaangen, et wor näischt geschitt.

Entretemps war an der force publique esou richteg Tapage geschloen ginn an et ass ëmmer méi Renfort komm. An et ass net ëmmer alles glat gaang. De Gendarmeries- Offizéier Marc Zovilé wier mam Auto an d'Panzerspär vun der WSA gerannt, kréie mir gesot, an de Ben Geiben vun der brigade mobile wier och op der Platz gewiescht. Vun der Arméi ass och ee komm. A no a no ass een op der Platz méi gewuer ginn: de Kommandotrupp hat baussent der WSA nach weider 5 Leit; déi zwee Gefaangen hate scheckkartegrouss Badge bei sech, do stoung drop si wieren zwee Sergeant-Cheffen aus der amerikanescher Arméi. Hiren Job wier gewiescht an d' Hall 20 vun der WSA anzebriechen an e Message ze hannerloossen, si wieren do gewiescht.

Mueres fréi war den Incident eriwwer, déi zwee kruten hiert Equipement erëm, d'Arméi huet se fortgefouert.

Ofgesinn vun deeër spannender Nuecht koum dunn dat Schockantst fir déi Lëtzebuerger Bedeelegt: den Incident ass camoufléiert ginn. Et gouf keen Debriefing, et gouf keng Reactioun op d'Tätegkeitsberichter, déi geschriwwe gi sinn an déi zwee Amerikaner sinn aus dem Gendarmeries-Fichier verschwonnen.

Et ass gebotzt ginn. De liewensgeféierlechen Training fir stay behind a fir d'WSA huet offiziell ni existéiert. Mee d'Parallel mat Vielsalm 1984 ass frappant: just datt do effektiv geschoss gi war. An eng aner Parallel: play the game? haten d' Bommeleeër an hire Bréiwer gefrot an um Enn hu se geschriwwen: you lost .

Op der WSA haten an engem Manöver zwee Amerikaner verluer.

WSA-Kommando-Aktioun: Weider Detailer bekannt!
Ugangs der 80er Joer hat et e Kommando-Iwwerfall op d' WSA zu Beetebuerg ginn, dat krute mer vun der kompetenter Plaz aus confirméiert!