Bommeleeër: Goufe Spuren express verwëscht?

Am Prozess goung et um Mëttwoch, um 7. Dag, viru mat den Ausféierunge vum Enquêteur vun der Police Carlo Klein zu den eenzelnen Attentater.
Am Bommeleeër-Prozess gouf et um Mëttwoch eng Iwwerraschung: Eng Zeien huet sech gemellt a seet an engem Bréif, hire Papp, deen an der Tëschenzäit gestuerwen ass, hätt eng Foussspur um Tatort Findel fonnt; e Gendaarm hätt se express verwëscht a gesot, domat wär näischt unzefänken.
Den Defense-Affekot Gaston Vogel huet dës "Destructioun vun enger Pièce" als onerhéiert bezeechent.
De Gaston Vogel huet am Prozess weider Enquête-Pannen a schlechten Ëmgang mat Beweis-Stécker constatéiert.
Um Mëttwoch war et an der Haptsaach de Schluss vum Historique vun den Attentater, ouni datt vill an den Detail gaange ginn ass.
Op villes muss zeréckkomm ginn, well et einfach ze vill ze klären gëtt. Nëmmen zwee Beispiller: Hat d’Duechter vum Notaire Hellinckx eng speziell Relatioun mam groussherzoglechen Haff? Oder och nach d’Fro, wien eng Verkéierskontroll ordonnéiert huet, déi virum leschten Attentat d’Bommeleeër gewarnt huet, net an den Neien Theater ze kommen, wou d’Revue Knuppefreed gelaf ass.
CHRONIK vum Mëttwoch: Spuren express verwëscht?
Den Enquêteur Carlo Klein huet iwwert d'Attentat, am November 1985, zu Heeschdrëf op eng elektresch Leitung geschwat; et war e Mast ëmgefall, soudass de Kierchbierg 10 Minutten ouni Stroum war; dee Weekend war eng Reunioun vun den deemolegen EG-Premier- an -Ausseministeren um Kierchbierg; et sollen op d’mannst 3 Auteure gewiescht sinn; et war dat éischt Attentat am Dag.
Zum Attentat Heeschdrëf: 4 Zeien hunn an där Géigend Autoe mat entweder lëtzebuergeschen oder belsche Placke gesinn; et gouf och eng Foussspur fonnt.
Dann zum Attentat, am Dezember 1985, um Kierchbierg am Kader vum EG-Sommet; dee Moment gouf eng Bomm aus engem Auto eraus op d’Autobunn gehäit; et geet ee vun zwee Auteuren aus; si sinn e grousse Risiko agaangen, haten awer Präsenz an de Medie weltwäit.
Dono war d'Attentat, am Februar 1986, op d'Haus vum Notär Hellinckx an der Stad drun; do war eng Bomm ënner engem Auto verstoppt; d'Famill war deen Dag aus der Vakanz erëmkomm; den Notär selwer war kuerz virdrun zu enger Geldstrof veruerteelt ginn; d'Attentat sollt eventuell eng weider Strof duerstellen; dobäi waren d'Autoritéiten no enger Paus vun zwee an engem hallwe Mount dovun ausgaangen, dass d’Attentatsserie eriwwer wär; et gouf an deem Zesummenhank en 8. a leschten Erpresserbréif; op der Enveloppe goufen déi nämlecht DNA-Spure fonnt wéi op deene vum zweeten a véierte Bréif.
Du koum den Enquêteur bei d'Attentat, am Mäerz 1986, op d'Haus vum Jean-Pierre Wagner an der Stad, dem fréiere Gendarmerie-Kommandant; d'Famill loung zur Zäit vum Knuppert am Bett; de Colonel war bis Enn September responsabel fir d'Aarbecht un der Bommeserie; deen Owend war d'Première vun der Revue mam Titel Knuppefreed; där hire Co-Auteur (Pütz) war Commissaire en chef vun der Sûreté; et gouf mat engem Attentat op deem Dag gerechent, soudass vill Kontrollen doruechter waren.
Zum Attentat op d'Haus Hellinckx gouf et keng Zeien. Wat dat op d'Haus Wagner ugeet, gouf et deen Owend ë.a. eng grouss Verkéierskontroll bei der Rouder Bréck; dem Enquêteur no waren do an der Géigend souvill blo Luuchte wéi nach ni virdrun; déi Kontroll war och net ofgesprach mat de Forces de l’ordre, déi beim Theater waren.
No der Paus kuerz viru 17 Auer huet den Enquêteur Informatioune ginn iwwert d'Objeten, déi d’Bommeleeër zréckgelooss oder gebraucht hunn.
Net un engem Strang gezunn
Dono huet den Enquêteur de Rapport iwwert d’Enquêtë gemaach: Déi zwee Corpsen hunn déi Zäit net mateneen, mä och mol géintenee geschafft, wéi hie sot; d'Police hat méi eng kommunal an d'Gendarmerie méi eng territorial Kompetenz.
Weider war gewuer ze ginn: D'Enquête ass ëmmer ënnert der Direktioun vun der Gendarmerie gelaf: Un där hirer Spëtzt stoungen de Jean-Pierre Wagner, de Charel Bourg an de Marcel Reiter; fir d'Enquête zoustänneg war den Armand Schockweiler; nodeems den Aloyse Harpes an d’Plaz vum Jean-Pierre Wagner koum, sinn zwou Spezialkommissioune gegrënnt ginn.