An der zweeter Woch vum Prozess goufe Phantombiller vun de Verdächtege public. Kommen Iech déi Persoune kënneg vir? Mailt op bomm@rtl.lu.

Beim Attentat an de Kasematten hat eng belsch Koppel 4 Täter gesinn. Vun engem gouf e Méindeg am Prozess e Portrait-Robot, also e Phantombild, gewisen (an 2 Versiounen).

RTL

Et ass d’Gesiicht vun engem jonke Mann mat gekrauselten Hoer a mat engem opfällege ronne Metall-Brëll. Erkennt Dir en? Da mailt op bomm@rtl.lu.

2. Phantombild

En Dënschdeg gouf e weidere Portrait-Robot public - deen Dag goung viru Geriicht vill iwwert d'Attentat um Findel Rieds.

RTL
RTL

E-Mail-Adress: bomm@rtl.lu.