Um Stater Geriicht huet um Donneschdeg am Nomëtteg deen 8. Dag vum vill mediatiséierte Prozess ugefaangen.

Den 8. Dag vum Bommeleeër-Prozess, en Donneschdeg, war ouni Zweiwel dee bis ewell langweilegsten: Doriwwer ware sech vill Leit um Stater Geriicht, Acteure sou gutt wéi Observateure vum Prozess, eens!

Den Enquêteur vun der Police Carlo Klein huet dee Mëtten nämlech Schrëtt fir Schrëtt dat duerchgeholl, wat vun de Forces de l’ordre an der Enquête Bommeleeër ënnerholl ginn ass ...

... an do huet villes no deem ausgesinn, wat déi Däitsch Arbeitsbeschaffungsmassnahme nennen: Polizisten a Gendaarmen hu sech z.B. domat beschäftegt, dass e Mann sech an enger Schwemm opfälleg beholl huet, dass en anere laanscht en Drot spadséiert ass an nach en aneren enzwousch stoe bliwwen ass, fir séng Blos eidel ze maachen.

Ee Moment goung Rieds iwwer e geheimen interne Pabeier zu der Enquête, deen awer alles anescht wéi secret war, wéi d’Me Lorang ënnerstrach huet ...

Zu den Enquêten huet de Me Vogel gefrot, ob den Ex-Gendarmerie-Kommandant Aloyse Harpes mat Schold dru wär, dass näischt aus der Enquête gouf. Dorop huet den Enquêteur Carlo Klein geäntwert, dass et ganz grouss Mëssverständnisser tëscht dem Enquêteur Paul Haan an dem Aloyse Harpes gouf. De Paul Haan kéint vläicht awer och 1985/86 vill mat der Waldbëlleger Affär ze di gehat hunn. De Polizist huet awer zouginn, dass den Informatiounsfloss op alle Fall net optimal war.

Um Enn vun der Sëtzung huet de Carlo Klein nach eng Zort Plädoyer fir d’Forces de l’ordre gehalen, déi iwwerfuerdert an ouni Rot gewiescht wären. De fréiere Brigade-mobile-Chef Ben Geiben wär als bescht Spuer ugesi ginn, sot dunn d’Presidentin vum Geriicht, bis, wéi de Procureur enchaînéiert huet, déi Spuer an der Nuecht vum Attentat op de Geriichtspalais fale gelooss gouf.

E Méinde geet de Prozess mat definitiv méi Spannung weider. Da seet nämlech en Zeien aus, dee vun enger Persoun gesot kritt hätt, déi wär ee vun de Bommeleeër!

Bommeleeër : gouf déi wichtegst Piste leie gelooss?
D'Piste Geiben?
Bommeleeër: Enquêten a Spuren um Dag 8
Bommeleeër: Enquêten a Spuren um Dag 8