Den adr-Deputéierte Gast Gibéryen hat dem Inneminister dës Woch eng parlamentaresch Fro gestallt, fir méi iwwert déi rezent Menacë gewuer ze ginn.

D'Police war am Kader vun hirer permanenter Monitoringaarbecht op sou Indicë gestouss. D'Äntwert vum Jean-Marie Halsdorf ass lo do.

Vill méi gëtt een doranner awer net gewuer. Den Inneminister widderhëlt d'Informatiounen, déi d'Police bis ewell erausginn huet, a kann och net soen op déi Menacen eppes mam SREL oder dem Bommeleeërprozess ze dinn huet, wéi et de Gast Gibéryen gefrot hat. D'Origine misst d'Enquête klären.