Paul-Henri Meyers: SREL muss grëndlech reforméiert ginn

Dat sot no der Auditioun vum fréiere SREL-Mataarbechter a Chauffer vum Premier Roger Mandé de Vizepresident vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun.
D'Auditioun à huis clos vum Roger Mandé huet bal 3 Stonne laang gedauert. D'Deputéiert hunn amuséiert-kritesch bis schockéiert gekuckt, den Zeien hat wuel eng gewëssen direkt Sprooch. De President vun der Comissioun, den Alex Bodry, huet resüméiert, datt hien eng ganz Rëtsch vun Detailinformatioune ginn huet iwwer déi puer Joer, wou hien am Service war. Déi Infoe wäerten och déngen, wann aner Zeien befrot ginn, wéi den Här Mille an den Här Schneider.
Mä et war de Vizepresident vun der Commissioun, de Paul-Henri Meyers, dee sot, wéi d'Microen aus waren, mir dierften hien awer zitéieren, hie sot et misst grëndlech reforméiert ginn am SREL. Duerfir schwätzt och datt d'Justiz wuel nach méi wéi bis ewell an d'Spill kënnt. Et misst elo decidéiert ginn, ob de Verbatim vum Freideg -ganz oder een Deel dovunner - un de Parquet geet.
E Freideg hunn d'Revelatiounen aus der leschter Zäit iwwer russesch Oligarchen, en Israeli an en dubiéise Spuenier, mat deenen de SREL ze dinn hat, wuel d'Toile de fonds vun der Auditioun geliwwert. Mee och d'Lauschter-Attack mat der Spionage-Auer kritt eng ëmmer méi laang Nues. Déi Auer wier regelméisseg zum Asaz komm. Et misst gepréift ginn, ob net nach weider Atteintes à la vie privée, wéi beim Premier, géife virleien.
No dëser Auditioun mussen also weider Zeien nees eng Kéier gehéiert ginn. De Geheimdéngscht-Skandal geet an déi wuel verdéngte Verlängerung.