Bommeleeër: Wormeringer vs. Geiben - en Dënschdeg ëm 15h

D'Brigade Mobile vun der Gendarmerie (BMG) an den 1980er-Joren: ganz lénks hire Chef Ben Geiben, ganz riets deen ewell verstuerwene Jos Steil, deen zum ganz enke Krees vun de Verdächtege gehéiert. Och déi 2 Ugeklote sinn op der Foto: De Jos Wilmes ass 3. vu lénks an de Marc Scheer 2. vu riets.
No der Ausso, de Ben Geiben hätt sech 1986 selwer als Bommeleeër geout, kënnt et um Dënschdeg zur Géigeniwwerstellung vun den Zeien Wormeringer-Geiben.
Grouss Spannung e Méindeg um 9. Dag am Bommeleeër-Prozess: En neien Zeie sollt aussoen an den Numm vun engem vun de Bommeleeër nennen. Déi 120 Plaze fir de Public waren dann och all ewell fréizäiteg besat.
Den Affekot vun engem vun den 2 Ugekloten, de Maître Gaston Vogel, hat deen Zeie fir den Optakt vum Prozess an d'Spill bruecht.
Dësen Zeien huet sech um Méindeg de Mëtteg och an der Salle d'audience presentéiert an d'Sëtzung vum 9. Dag huet pénktlech ëm 15 Auer ugefaangen.
Ma d'Seance war knapps un, wéi se och schonn nees ënnerbrach gouf, well eng Enveloppe mat Infoen ukomm ass an déi dunn huet mussen opgemaach a gepréift ginn.
Géint 15h15 goung et weider a kuerz drop gouf den Zeien erageruff ...
Den Theo (Ted) Wormeringer huet ausgesot, de Ben Geiben, de fréiere Chef vun der Brigade Mobile vun der Gendarmerie, hätt him 1986 wuertwiertlech gesot: "Ech hunn en zweeten Numm, Bommeleeër. Si musse mir et beweisen!"
Den Ted Wormeringer (86) huet sech um Geriicht selwer en éierleche Miwwelhändler genannt; de Ben Geiben wier als Client an d’Geschäft komm.
D'Ausso
Den Zeie sot virun de Riichteren, hien hätt zanter 27 Joer wëllen aussoen, well hien et zanterhier wéisst; hien hätt awer näischt kënne maachen. 1986 koum eng Kéier moies e jonke Mann a säi Buttek an huet no engem Vendeur gefrot. Den Zeien huet de Mann gefrot, ween hie wär. Hien huet sech als Ben Geiben, Chef vun der Securitéit vum Disney-Park zu Orlando a Florida, z'erkenne ginn.
Den Zeie sot, seng Fra an hie wäre kuerz dono a Florida an ob de Ben Geiben him Saache weise kéint. Am Laf vum labbere Gespréich hätt de Ben Geiben op eemol gesot, hien hätt nach en zweeten Numm: "Ech sinn de Bommeleeër."
Nodeems den Zeie gemengt huet, dat kéint jidderee soen, huet de Ben Geiben geäntwert: "Si musse mir et beweisen."
Als begeeschterten Disney-Fan war den Ted Wormeringer dunn e puer Méint drop a Florida, wollt do de Ben Geiben bei Disney gesinn. Do hätt hien awer gesot kritt, datt Disney de Ben Geiben erausgehäit hätt ("we have put him out"). An zur selwechter Zäit wier a Florida e Pylône gesprengt ginn, deen Disney mat Stroum zerwéiert. Den Ted Wormeringer hätt dat an enger Zeitung gesinn an zu senger Fra gesot: "Elo hu se an Amerika och e Bommeleeër."
Dem Zeien no war den Ex-Gendarmerie-Kommandant Jean-Pierre Wagner vun den Attentater viséiert an d'Explosioune virdru wären nëmme gewiescht, fir Pisten ze verwëschen.
Hien hätt sech net getraut, fir eppes ze soen, sou den Zeien, bis hien 2005 de Marc Thoma kontaktéiert hätt.
D'Geriicht
D’Riichterin huet den Ted Wormeringer kritesch gefrot, firwat hien elo eréischt mat deem Temoignage kéim. Besser spéit ewéi ni, sot den Zeien, deen haut stolz wier, ze schwätzen, mä deemools vum Kriminolog Toto Mergen gesot kritt hätt, hie kéint seng Geschicht jo net beweisen a sollt dowéinst näischt soen.
D'Riichterin sot awer haut, um Geriicht um Penal wier den Temoignage bal dat wichtegst Beweismëttel. An d’Sylvie Conter sot weider, den Ted Wormeringer géif nach eng Kéier geruff ginn, da gëtt et eng Konfrontatioun mam Ben Geiben, an de Procureur sot, Zitat, "den Här Geiben muss hei Ried an Äntwert stoen".
Dem Me Vogel no huet deen Zeie vu 86 Joer och intellektuell en zolitten Androck gemaach. Den Affekot vun engem vun den Ugekloten huet vun extrem graven Deklaratioune geschwat.
De Me Vogel, dee iwwregens den Androck net lass gouf, dass de Procureur versiche géif, de Ben Geiben a Schutz ze huelen, huet nach e weideren Héichpunkt ugekënnegt.
Géint 17.15 Auer war deen 9. Prozessdag eriwwer.
D'Géigeniwwerstellung
De Prozess geet en Dënschdeg de Mëtteg ëm 15h weider mat der Géigeniwwerstellung vun den Zeien Ted (Théodore) Wormeringer a Ben Geiben. Dat huet d'Geriicht um Méindegowend offiziell confirméiert.
Nach e Wuert an eegener Saach: Den Ted Wormeringer hat eis bei RTL am Joer 2005 de Volet vum gesprengte Pylône a Florida wuel erzielt. Mä mir kruten déi Affaire - aus verschiddene Grënn – net confirméiert. Mir haten ënner anerem en Detektivbureau engagéiert, fir a Florida ze recherchéieren. Mä dee Bureau ass no e puer Deeg ofgesprongen.