Bommeleeër, Dag 10: Duebele Showdown a Bomm zu Paräis

D'Brigade Mobile vun der Gendarmerie (BMG) an den 1980er-Joren: ganz lénks hire Chef Ben Geiben, ganz riets deen ewell verstuerwene Jos Steil, deen zum ganz enke Krees vun de Verdächtege gehéiert. Och déi 2 Ugeklote sinn op der Foto: De Jos Wilmes ass 3. vu lénks an de Marc Scheer 2. vu riets.
Ben Geiben iwwer Ted Wormeringer: "Konversatioun huet ni stattfonnt." Me Vogel zu Biever: "Firwat mam Geiben heemlech zu Uewerdonwen getraff?"
Nei Informatiounen iwwer en explodéierte Pylône vun Disney zu Paräis (an net zu Orlonado an den USA!), eng schwiereg Konfrontatioun tëscht 2 Zeien, déi genee de Contraire behaapten, an eng Vertrauenskris bei der Defense, wéinst engem "heemlechen" Treffen ouni Aktennotiz – dat sinn d'Nouvellen aus dem Bommeleeër-Prozess vum Dënschdeg, dem 10. Prozessdag, op deem et eng ganz mouvementéiert Sëtzung um Geriicht gouf.
De fréiere Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, de Ben Geiben, war en Dënschdeg de Mëtteg als Éischten eleng drun. Hien krut de Compte-rendu vun der Sëtzung vun e Méindeg virgelies, wou den Zeien Ted Wormeringer gesot hat, de Ben Geiben hätt him gesot, hie wier de Bommeleeër, mä se missten him dat beweisen.
Geiben versus Wormeringer
Dat Gespréich huet ni stattfonnt, sot de Ben Geiben. Wat den explodéierte Pylône "Disney" 1986 an den USA ubelaangt, den Ted Wormeringer hat dovu geschwat, do sot de Ben Geiben, hien hätt am Summer 1987 ugefaang, fir Euro-Disney Paräis ze schaffen, hätt dunn e Stage vun 3 Méint zu Orlando gemaach, nach eng Kéier esou e Stage an dunn hätt hien eng Promotioun kritt, 1989, fir méi Responsabilitéit zu Paräis.
De Ben Geiben huet domat dem Miwwelhändler Wormeringer seng Date vun e Méindeg – 1986 en explodéierte Pylône a Florida – schlecht gemaach. An hie sot weider, hien hätt weder en public, nach privat a weder am Geck, nach am Eescht jee gesot, hei wier e Bommeleeër. Et léich net a senger Natur, sech mat Saachen ze bretzen, déi en net gemaach hätt ...

Um Dënschdeg am Geriichtssall: lénks de Ben Geiben, riets den Ted Wormeringer.
Den Ted Wormeringer ass dunn erageruff ginn. An deen ass carrément bei senger Ausso bliwwen. Du stoung Wuert géint Wuert. Op engem Punkt huet de Ben Geiben misse Waasser a säi Wäi schëdden: Hien hat gesot, e bestëmmten Employé vum Ted Wormeringer - Frantzen - net ze kennen; do huet den Ugeklote Jos Wilmes selwer widdersprach: Dee Mann an de Ben Geiben hätten esou guer op offizielle Festivitéite vum Gendarmerie-Self-Defense-Club matenee gefeiert. De Ben Geiben ass do e bëssen zeréckgeruddert. Hien huet d'Defense net iwwerzeegt an déi mécht e Mëttwoch de Moien eng "Plainte pour faux témoignage" géint de Ben Geiben.
Och den Téid Wormeringer war net iwwerzeegt, mä enttäuscht; senger Meenung no hätt de Ben Geiben einfach solle soen, hien hätt en Joke gemaach, amplaz ze soen, esou e Gespréich hätt et ni ginn.
Well de Ben Geiben schonn emol do war, huet de Maître Gaston Vogel hien an déi present Enquêteuren zur Rieds gestallt ...
"Geheimt" Treffen ouni Aktennotiz
Et hätt e privat Treffen an engem Privathaus ginn tëschent dem deemolege Procureur Robert Biever, 2 Enquêteuren an dem Zeie Ben Geiben, dee jo duerch den Dossier als Haaptverdächtege geeschtert. An de Maître Vogel huet gemunkelt, do wier en "Deal" gemaach ginn. Zitat Me Vogel: "Ëmmer, wann et esou wäit war, hien [Ben Geiben] ze fänken, dann ass et avortéiert ginn."
Den Ben Geiben awer seet, genee wéi déi 3 aner Participantë vun där Entrevue: Et gouf keen Deal gemeet.
No e bëssen hin an hier gouf dat privat Treffen awer confirméiert, vum Ben Geiben a vun 2 Enquêteuren, den Häre Carlo Klein a Marc Weis. Et wier keen Deal gemaach ginn, et wier drëms gaangen, datt de Procureur sech e Bild kéint maache vum Ben Geiben, sote Klein a Weis noeneen am Zeiestand. Dat ass de 16. Abrëll 2008 geschitt zu Uewerdonwen, an engem Privathaus, dem Haus vum Enquêteur Weis ... fir datt d’RTL-Reporter dat net sollten an Uecht huelen.

Den heitege Procureur général Robert Biever ass dunn an d’Sëtzung geruff ginn an huet dat alles confirméiert. Hie sot och nach: Hien giff d’Impressioun net lass ginn, datt héich Leit am Staat wéissten, wie wat gemaach hätt an hie géif regrettéieren, datt dat hei net de Prozess géint d'Haaptauteure wär.
Vun der Reunioun am Privathaus hätt d’Untersuchungsriichterin Doris Woltz Bescheed gewosst. Ferm Kritk trotzdem vum Gaston Vogel, esou en Treffe wier "ënnert aller Klarinette". Ganz schlëmm huet d'Defense fonnt, datt keng Notiz am Dossier vun deem Treffen ze fanne wier. Dat géing ee "méfiant" maachen an et kéint een elo guer kengem méi trauen!
Och d'Presidentin vum Geriicht huet déi Entrevue op där Plaz "komesch" fonnt. De Robert Biever huet awer ënnerstrach, datt si näischt Mysteriéises u sech gehat hätt, och wann d'Iddi, sech do ze gesinn, vläit net déi brillantst war.
Egal wéi war d'Konfrontatioun Biever-Vogel en Highlight mat groussem Ënnerhalungswäert. Ob se der "Wahrheitsfindung" déngt, muss sech da weisen - idem fir d'Géigeniwwerstellung Geiben-Wormeringer ...
Ëmmerhi si sech Biever a Vogel eens ginn, wie wéi eng "Wortfindung" am Kontext Bommeleeër fir sech reklaméiere kann: "Chape de plomb" fir Biever an "Omerta" fir Vogel ... iwwert d'Droit-d'auteure waren déi 2 Kontrahenten enger Meenung an och doriwwer, datt dat elo en "Deal" wier ...
Eppes war dann awer nach vun där ominéiser Entrevue zu Uewerdonwen gewuer ze ginn: De Robert Biever war iwwerrascht ze héieren, datt den Här Geiben sech ni Gedanke gemaach hätt, wien dann hannert den Attentater stécht.
Pylône explodéiert: Net a Florida, mä zu Paräis!
Ofgesinn vun der turbulenter Sëtzung um Dënschdeg nach dat hei: RTL-Recherchen no ass wuel e Pylône explodéiert, deen Disney mat Energie versuergt huet, mä net a Florida, mä zu Paräis. Dat steet an dräi Zeitungen, déi een am Internet fënnt. D’Explosioun war den 12. Abrëll 1992, owes um 23.30 Auer während der Inauguratioun vun Euro-Disney. Et ass also e Copy-Paste-Attentat nom Modell vun de Lëtzebuerger Bommenexplosiounen: Auerzäit, wichteg Occasioun, samschdesowes an e Pylône. An der Sëtzung war dat en Dënschdeg keen Thema.
An de Ben Geiben wollt no senger Auditioun wéi gewinnt näischt soen ...
E Fazit no dësem Prozess-Dag: De Bommeleeër-Prozess gëtt ëmmer méi spannend an déi flagrant Contradictiounen huelen zou, net of.