No de rezenten Evolutiounen a Revelatiounen an der Affaire Bommeleeër war de Procureur Général d'État e Mëttwochmëtteg live am Studio vu Radio Lëtzebuerg.

Am Bommeleeër-Prozess gouf een jo en Dënschdeg gewuer, dass et eng "geheim" Entrevue tëscht dem deemolege Procureur d’État Robert Biever an dem Ben Geiben, fréiere Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, a Präsenz vun e Enquêteure gouf - zu Uewerdonwen.

AUDIO: Emissioun 10bis1: Robert Biever Invité bei Radio Lëtzebuerg
RTL Radio Lëtzebuerg: Robert Biever am '10bis1'
Um Mëttwoch, 13. Mäerz war de Procureur Général d'État live am Studio ... an et goung - natierlech - ëm d'Bommeleeër ...

Am RTL-Interview huet den Robert Biever dozou op en Neits erkläert, dat hien de Ben Geiben net kannt huet, dësen awer zanter Joeren am Dossier geschwieft huet, d'Wuert "gegeeschtert" huet e staark nuancéiert. Hien wollt sech e  Bild vum Personnage maachen, dowéinst déi "privat" Entrevue, och wann et - réckbléckend - net déi brillantest Iddi war. Ma hie wier, och deen Terme huet de Robert Biever staark nuancéiert, "faszinéiert" vun där Figur an deem Dossier gewiescht. An et kéint een och keen als Haaptverdächtegen duerstellen, ouni konkret Beweiser.

Keen Deal!

De Reproche vun engem Deal tëscht him an dem Ben Geiben léisst de Robert Biever net gëllen. "A wat wier d'Konterpartie gewiescht", huet en am Interview gefrot a betount, datt d'Untersuchungsriichterin Doris Woltz iwwert déi Entrevue Bescheed wousst an och direkt informéiert gi wier, wa si eppes Neies bruecht hätt.

Mat sengen Aussoen, datt héich Läit wëssen, wat geschitt ass, huet hien nach ënnerstrach, datt hien net e konkrete Personnage oder Grupp gemengt huet, mä datt et Leit muss ginn, déi genee Bescheed wossten.

An deem Kontext huet de Robert Biever och drun erënnert, datt ee vu mindestens 4 Täter ausgeet an déi 2 Ugeklote wollten hien net als "Lampiste" bezeechnen.

Robert Biever: Wollt mer e Bild vun deem Personnage maachen
No de rezenten Evolutiounen a Revelatiounen an der Affaire Bommeleeër war de Procureur Général d'État e Mëttwochmëtteg live am Studio vu Radio Lëtzebuerg.

11. Prozessdag um Mëttwoch

Am Bommeleeër-Prozess um Stater Geriicht kéint et um Mëttwoch iwwregens zu enger nächster Konklusioun vum Me Vogel kommen.

RTL-Informatiounen no ass nämlech am Abrëll 1992 am Disneyland Paräis e Pylône explodéiert. Dat an der Nuecht op e Samschden, den Dag vun der Ouverture vum Park.

Dat géif den Attentater vun de Bommeleeër entspriechen, an de Ben Geiben huet vun 1987 bis Ufank der 90er Jore fir Eurodisney geschafft!

RTL

Den Ben Geiben an der Cité judiciaire, e puer Minutte viru senger Auditioun als Zeien. No der Ausso vum Ted Wormeringer um Méindeg, de Ben Geiben hätt sech 1986 selwer als Bommeleeër geout, koum et also um Dënschdeg zur Géigeniwwerstellung vun den Zeie Wormeringer a Geiben. Den Theo (Ted) Wormeringer hat jo behaapt, de Ben Geiben, de fréiere Chef vun der Brigade Mobile vun der Gendarmerie, hätt him 1986 wuertwiertlech gesot: "Ech hunn en zweeten Numm, Bommeleeër. Si musse mir et beweisen!" Dovu wollt de Ben Geiben um Dënschdeg awer näischt wëssen: Déi Konversatioun hätt ni stattfonnt.

Um 11. Dag am Bommeleeër-Prozess gëtt am Prinzip och ee weideren Enquêteur gehéiert.

Donieft mécht Defense eng Plainte géint de Ben Geiben wéinst Falschausso.

RTL

Um Dënschdeg am Geriichtssall: lénks de Ben Geiben, riets den Ted Wormeringer.

RTL

D'Brigade Mobile vun der Gendarmerie (BMG) an den 1980er-Joren: ganz lénks hire Chef Ben Geiben, ganz riets deen ewell verstuerwene Jos Steil, deen zum ganz enke Krees vun de Verdächtege gehéiert. Och déi 2 Ugeklote sinn op der Foto: De Jos Wilmes ass 3. vu lénks an de Marc Scheer 2. vu riets.