Bommeleeër: Et war "Stay behind", sou däitschen Historiker

D'Brigade Mobile vun der Gendarmerie (BMG) an den 1980er-Joren: ganz lénks hire Chef Ben Geiben, ganz riets deen ewell verstuerwene Jos Steil, deen zum ganz enke Krees vun de Verdächtege gehéiert. Och déi 2 Ugeklote sinn op der Foto: De Jos Wilmes ass 3. vu lénks an de Marc Scheer 2. vu riets.
De Me Vogel hat fir den 11. Prozessdag eng Bomm ugekënnegt an huet eng "Attestation testimoniale" vun engem däitschen Historiker virgeluecht.
"Mäi Papp war beim Stay-behind an Däitschland an huet mat dem Charel Hoffmann senge Leit zu Lëtzebuerg d’Attentater organiséiert an duerchgezunn." Dat behaapt en Däitschen an enger eidestaatlecher Erklärung, déi de Gaston Vogel e Mëttwoch am Bommeleeër-Prozess presentéiert huet. Deen däitschen Historiker seet also, de Lëtzebuerger Grupp vu "Stay behind" wär responsabel fir d'Attentater! D'Ziler wären als Exercice geduecht gewiescht fir spéider Asätz hannert de Frontlinnen ...
Chronik vum 11. Prozessdag
D'Sëtzung um Mëttwoch, um 11. Dag vum vill mediatiséierte Bommeleeër-Prozess, huet wéi gewinnt um 15 Auer ugefaangen. De Me Vogel vun der Defense hat "eng Bomm" ugekënnegt, déi huet awer op sech waarde gelooss ...
Um Ufank vun der Sitzung huet d’Presidentin vum Geriicht erkläert, dass d’Defense, wéi ugekënnegt, eng Plainte pour faux témoignage géint de Ben Geiben deposéiert huet.
Weider - kritesch - Aussoen iwwert d'Enquête
De Enquêteur Carlo Klein huet ugefaangen an huet weider Explikatioune ginn iwwert d'Enquête an iwwert d'Reaktioune vu Gendarmerie a Police op d'Attentater.
Dem Enquêteur Carlo Klein no ass et schwéier, fir net kritesch ze si mat der Enquête, sou wéi se am Ufank vun den Attentater gelaf ass.
D'Presidentin vum Geriicht frot sech an deem Kontext, ween z.B. beim Attentat zu Izeg dem Polizist John Gindt refuséiert hätt, fir sech beim Pylône op d’Lauer ze leeën.
De Procureur Georges Oswald proposéiert, den deemolegen Enquêteur Haan dozou ze héieren. De Me Vogel stellt sech iwwerdeems d'Fro, wien de Schléifer um Bommentelefon war.
D'Riichterin Sylvie Conter weist drop hin, dass den deemolegen Untersuchungsriichter Prosper Klein ee Moment mat der Fauscht op den Dësch geschloen a souzesoen nei Enquêteuren agesat huet. Déi hunn awer, sou de Carlo Klein, no enger Zäit d’Handduch gehäit, ë.a. wéinst Meenungsdivergenze mam Colonel Harpes.
D'Me Lorang huet doropshi gefrot, firwat den Enquêteur net nogefrot huet, wat déi "Différences de vues" waren, iwwerdeems de Me Vogel d'Froen opgeworf huet, firwat den Enquêteur Paul Haan net méi um Bommendossier geschafft huet; vläicht well hien ze vill kompetent war?
Dass, wéi d'Presidentin vum Geriicht ervirgehuewen huet, vum Zeie vum Attentat um Findel keng schrëftlech Depositioun opgeholl gouf, huet de Carlo Klein schrecklech fonnt.
De Me Vogel huet nach nogefrot, ob en Inventaire gemaach gouf vum Sprengstoff, deen de Jos Steil, Member vun der Brigade mobile, gelagert hat; dorop gouf et keng Äntwert vum Enquêteur Klein.
Kleng Bomm no der Paus
No der Paus ëm 17 Auer war de Procureur général Robert Biever do, fir dat z'aktéieren, wat hien en Dënschdeg gesot huet.
De Me Vogel huet nach eng Attestation testimoniale vun engem däitschen Historiker virgeluecht, deen dora seet, de Lëtzebuerger Grupp vun der NATO-Geheimarméi Stay behind wär responsabel fir d’Attentater. D’Ziler wäre geduecht gewiescht als Exercicë fir spéider Asätz hannert de Frontlinnen.
Um Bord vum Prozess sinn d’Affekote vun den zwee Beschëllegten och nach op d’Aussoe vum Procureur général d’État Robert Biever, de Mëttwoch de Mëtten, am RTL-Interview agaangen.
De Me Vogel, Affekot vum Marc Scheer, sot an deem Zesummenhank, dass d’Sëtzung vun de Mëtte banal war par rapport zu engem Verb, dat de Procureur général op eiser Antenn gebraucht huet, fir de Ben Geiben ze beschreiwen: Et ass ëm d'Verb "fasciner" gaangen, dat de Robert Biever, ganz nuancéiert, an Zesummenhank mat der Persoun vum Ben Geiben gebraucht huet a wat de Me Vogel esou interpretéiert huet: De Procureur wier am Bann vum Här Geiben gewiescht an dat géif villes aus dem Requisitoire erklären ...
D’Me Lorang, Affekotin vum Jos Wilmes, huet gemengt, d’Aussoe vum Robert Biever am RTL-Interview wären net grad identesch gewiescht mat deenen, déi hie virun de Riichtere gemaach hätt an datt e besser näischt méi gesot hätt.