Bommeleeër: Beweiser, déi wéi dinn; Zeien, déi geruff ginn

D'Brigade Mobile vun der Gendarmerie (BMG) an den 1980er-Joren: ganz lénks hire Chef Ben Geiben, ganz riets deen ewell verstuerwene Jos Steil, deen zum ganz enke Krees vun de Verdächtege gehéiert. Och déi 2 Ugeklote sinn op der Foto: De Jos Wilmes ass 3. vu lénks an de Marc Scheer 2. vu riets.
Um 12. Prozessdag huet de Me Vogel d'Nullitéit gefuerdert. De Parquet war dogéint. D'Geriicht huet d'Fro reportéiert an nei Zeien invitéiert.
D'Sëtzung huet wéi gewinnt ëm 15 Auer ugefaangen an no den neisten Entwécklungen ass d'Opmierksamkeet fir de Prozess jo nach an d'Luucht gaangen. En Treffen tëscht Procureur, 2 Enquêteuren an dem "Verdächtegen" Ben Geiben huet genee esou fir Onrou gesuergt wéi d'Aussoe vun engem däitschen Zeien, säi Papp hätt him gesot, hannert de Bommenattentater hätt de Lëtzebuerger Aarm vun der Nato-Geheimoperatioun "Stay behind" gestanen ... Et geet hei ëm eng eidesststattlech Erklärung vun engem Däitschen, dee behaapt, datt säi Papp am Kader vu Stay-Behind-Aktioune mam fréiere SREL-Chef Charel Hoffmann ze dinn hat.
Fir Gespréichsstoff ass also gesuergt!
Dag 12 fänkt mat 6 Konklusiounen un
De Me Vogel huet um Ufank vun der Sëtzung um Donneschdeg 6 Konklusioune virgeluecht:

1) Goufen d'Auteure vun de Bankiwwerfäll zu Zäite vun de Bommenattentater alleguer gepëtzt? War de Ben Geiben eventuell do am Spill?
2) Et soll no Plazen uechtert d’Land gesicht ginn, wou Sprengstoff verstoppt war, ë.a. vum Jos Steil, Member vun der Brigade mobile.
3) De Ben Geiben huet vun 1987 u bei Eurodisney Paräis geschafft. Do ass 1992 e Pylône an d’Luucht gesprengt ginn. Et soll eng Enquête doriwwer gemaach ginn.
4) Donieft soll et zu enger Enquête doriwwer kommen, ob de Prënz Jean am September 1986 am Novotel eng stramm anti-kommunistesch Ried gehalen huet.
5) D'Fro stellt sech no der Implikatioun vum Ben Geiben an d’Attentat, 1987, op d’Universitéit UCL zu Woluwé an der Belsch? 3 lëtzebuergesch Studentinne waren deemools blesséiert ginn, eng dovu schwéier.
6) Zu gudder Lescht gouf d'Nullitéit vun der Prozedur gefrot op Grond vun der geheimer Réunioun, 2008, zu Uewerdonwen tëscht dem Procureur d'Etat Robert Biever an dem Ben Geiben.
Defense fir a Parquet géint Nullitéit
De Maître Gaston Vogel freet also - op en Neits - am Numm vu sengem Client Marc Scheer d'Nullitéit vun der Prozedur am Prozess Bommeleeër. Hannergrond ass dat "geheimt" Gespréich tëscht dem Procureur Robert Biever mam Ben Geiben am Haus vun engem vun den Enquêteuren - e Gespréich, vun deem keng Notiz am Dossier ass.
Fir de Maître Vogel ass dat eng flagrant Violatioun vum elementare Prinzip vun der Equitéit an der Onparteiechkeet vum Prozess.
Et géif sech ëm e lamentabelt Evenement handelen, wéinst deem d'Defense kee Vertraue méi huet, weder an de Parquet nach an d'Enquêteuren.
De Procureur Georges Oswald huet d'Fuerderung vun der Defense, fir d'Prozedur z'annulléieren, ofgewisen.
WSA-Iwwerfall am Prozess ukomm
De Me Vogel huet um Donneschdeg och Detailer zu engem Iwwerfall, 1981, op d'WSA-Kasär tëscht Beetebuerg an Diddeleng bruecht. Et koum deemools jo zu enger Kommando-Aktioun mat ë.a. der Participatioun vun amerikanesche Marines. Dofir goufe Stay-behind-Leit am Norde vum Land parachutéiert. Dat ass d'Virgeschicht vun deem, wouriwwer RTL Radio an Télé Lëtzebuerg viru kuerzem informéiert haten.
D'Presidentin vum Geriicht huet doropshin d'Sëtzung ënnerbrach!
Nullitéitsfro bei Uerteel - 2 neie Zeie gi geruff
No der Paus: D'Riichterin Sylvie Conter decidéiert, dass iwwert d'Nullitéit vun der Prozedur beim Uerteel tranchéiert gëtt. Donieft schléit si vir, dee Vendeur, deen de Ben Geiben dem Ted Wormeringer no bei Mowo wollt gesinn, e Méinden an en däitschen Historiker no der Ouschtervakanz ze héieren; dee Mann huet jo e Mëttwoch an enger Attestation testimoniale behaapt, de Lëtzebuerger Grupp vu Stay behind wär fir d'Attentater responsabel.
Och soll e Méinden eng Lëscht vun deenen Enquêtë virgeluecht ginn, déi d’Riichteren eventuell nach wéilten ordonnéieren.
Klein: Verschwonne Beweisstécker - "dat deet wéi"
Den Enquêteur Carlo Klein sot dono am Kader vu sengen Ausféierungen, dass et keen Dossier Ben Geiben gouf. Doropshi koum hien op d'Beweisstécker ze schwätzen, ë.a. d'Sprengmaterial; dozou hätt et déi Zäit kee Konzept ginn, sou den Enquêteur.
Dem Carlo Klein no gëtt et och keng Lëscht vun deene Beweiser, déi fortgoungen an net méi erëm koumen. Z.B. sinn, wat d'Attentat zu Hollerech ugeet, bal all d'Beweisstécker verschwonnen. "Dat deet wéi", sot dozou de Carlo Klein.
Mam Carlo Klein geet et e Méindeg dann och weider an der 4. Woch vum Prozess - da kënnt de Volet Ben Geiben drun.