D'Enquetekommissioun huet fir d'éischt ganz kuerz d'Procureur général adjoint Doris Woltz an duerno méi wéi 2 Stonnen laang de Marco Mille gehéiert.

Wéi e Geheimdéngscht brauche mer nach zu Lëtzebuerg? Muss de SREL wierklech en operatiivt Geschäft hunn? A wéi kéint déi zukünfteg Strukture och besser kontrolléiert ginn? Dës fundamental Froen huet de President vun der Enquêtekommissioun Alex Bodry an der Sitzung opgeworf. Froen, déi elo bis d'Summervakanz zesummen mat Experten aus dem Ausland diskutéiert solle ginn. D'Derapagen am operative Geschäft vun eenzelnen Leit hätte gewisen, datt sou eng fundamental Reflexioun néideg ass.

AUDIO: Enquête-Commissioun SREL: Reportage Claude Zeimetz (15.3.)

D'Kommissioun hat och de fréiere SREL-Chef Marco Mille fir eng zweet Auditioun ä huis clos geruff. Hie wier wuel virsiichteg a sengen Aussoen gewiescht, hätt awer weider keen aneren Androck gemaach wéi a senger éischter Auditioun. Wat déi illegal Ecoutten ugeet, sinn déi preliminaire Enquêten nach ëmmer amgaang, sot d'Procureur d'Etat adjoint Doris Woltz den Deputéierten. Just d'Gespréich Juncker-Mille ass penal gesinn jo verjäert.

Roll vum SREL iwwerdenken
D'Diskussioun wéi e Geheimdéngscht Lëtzebuerg brauch ass lancéiert.