Bommeleeër: Fokus op d'Stay-behind-Aktioun op d'WSA

Um Donneschdeg am Prozess huet déi militäresch Kommando-Aktioun op d’WSA aus dem Joer 1981 eng Virgeschicht kritt. Stay-behind gëtt ëmmer méi aktuell ...
Um leschten Dag vun der drëtter Woch am Bommeleeër-Prozess huet Stay-behind erëm eng grouss Roll gespillt. Stay-behind – wou an haarde Manöveren Resistance trainéiert ginn ass, fir wann d’Russe West-Europa iwwerrannt hätten. Mat evidente Parallelen zu de Bommenattentater. Um Donneschdeg huet déi militäresch Kommando-Aktioun op d’WSA aus dem Joer 1981 eng Virgeschicht kritt.
Et war de Parquet selwer, deen eng wichteg Pièce an den Dossier verséiert huet. E Schreiwes, dat vun engem Commissaire en chef vun der Police koum. An deen erzielt d’Virgeschicht, vun deem wat mir op Radio an Télé Lëtzebuerg bruecht hate viru 14 Deeg, also d’Geschicht vun enger militärescher Kommando-Aktioun op d’WSA 1981. Do hate jo zwee amerikanesch Zaldoten sech erwësche gelooss, wéi se an d’WSA agebrach waren an et war op en Hoer ganz schlëmm ausgaang.
De Comissaire en chef schreift dem Parquet, hien hätt als ganz jonken Zaldoten de Befehl kritt als Chauffer véier amerikanesch Marines dorëmmer ze féieren. Een Amerikaner war säin éischte Kontaktmann. Deen huet him gesot, et giffen Kollege vun him, Marines, am Éislek parachutéitert ginn an hien, de Chauffer, misst sech logistesch ëm déi këmmeren.
Esou koum et och an d'Amerikaner hu sech besonnesch fir d’WSA interesséiert an hu Fotoe vum Zonk a vun de Wuechtposte gemaach. An enges Owes war dunn Aktion: Hien huet d’Amerikaner op Beetebuerg gefouert an huet se beim Krakelshaff ofgesat – an en huet d’Marines déi Nuecht an och duerno ni méi erëm gesinn. Well d’Aktioun war jo schif gaang.
De jonken Zaldot krut nuets Uerder, heem ze fueren, an et huet ni méi ee mat him doriwwer geschwat. Fir hie war dat eng normal, net ongeféierlech Nato-Übung; an eréischt Joren duerno hätt hie selwer de Rapprochement mat Stay-behind gemaach an och gemierkt, datt et eng Parallel zum Vielsalm-Manöver gëtt, wou jo schaarf geschoss gi war.
De Commissaire en chef berifft sech a sengem Rapport ausdrécklech op d’RTL-Reportagen; hien huet sech net nëmme bei de Bommeleeër-Enquêteuren, mä och bei de SREL-Enquêteure gemellt.

Onnëtz ze soen, datt dës Pièce Waasser op d’Mille vun den Defense-Affekoten ass, déi jo fuerderen, de Volet Stay-behind misst vill méi genee analyséiert ginn. An dowéinst um Donneschdeg och gefuerdert hunn, erauszefannen, ob de Prënz Jean an der WACL, der World-Anti-Communist-League gewiescht ass an do Riede gehal huet.
Si froen och no Waffen- a Sprengstoff-Cachen, déi de fréiere SREL-Chef Hoffmann ugeluecht hätt. A se wëllen eng weider Saach elucidéiert kréien: A wéi engen Termen huet de Ben Geiben Euro-Disney verlooss a wat huet et op sech mat enger Bomm, déi am Abrëll 1992 bei der Ouverture vun Euro-Disney explodéiert ass?
No all deenen zimlech fracassanten Elementer huet ee gemengt, et géif um Geriicht méi roueg weidergoen. Ass et awer net, well den Enquêteur Carlo Klein huet dunn rapportéiert, datt enorm vill Beweisstécker verschwonne sinn. Zemools alles vum Hollerecher Attentat ass fort, an de Carlo Klein sot, dat wier ganz, ganz schlëmm fir d’Enquête.
De Maître Vogel huet vun engem gewollte Chaos geschwat.
