D'Aussoe vum däitschen Historiker Andreas-Johann Kramer kréie Suitten am Bundestag. Fir d'éischt als parlamentaresch Ufro vum Gréngen H.-C. Ströbele.

Den Deputéierten vun déi Gréng Hans-Christian Ströbele huet eng parlamentaresch Fro gestallt, fir gewuer ze ginn op e BND-Zaldot dem Gladio-Geheimtrupp bei den Bommenattentater zu Lëtzebuerg gehollef huet. Donieft wëll den onkamoude Ströbele wëssen, wéi déi däitsch Regierung dozou bäidroe wëll fir d'Wourecht erauszefannen an déi historesch Erfuerschung vu Gladio/Stay Behind beim BND séier virunzedreiwen.

De Gréngen bezitt sech op eng eidesstattlech Erklärung, aus där den Affekot vun der Defense Maitre Gaston Vogel d'lescht Woch virgelies hat. An där Declaratioun hat den Historiker Andreas-Johann Kramer erkläert, säi Papp wier als Member vum däitsche Geheimdéngscht zu Lëtzebuerg am Stay behind aktiv gewiescht.

RTL

De Christian Ströbele ass selwer Affekot a beschäftegt sech zanter Joren mat „Stay behind“ a „Gladio“- d'Danièle Weber huet mat him geschwat:Datt et Stay behind an Däitschland gouf, doru gëtt et keen Zweiwel, seet de Christian Ströbele - dat ass och onbestridden, zanter Joren probéiert hien erauszefannen, op et och eng militäresch Unitéit wéi Gladio gouf. Dat huet hien och schonn e puer Mol bei der däitscher Regierung nogefrot. Beweiser dofir huet hie keng. D'Äntwerte vun de respektive Bundesregierungen, eigentlech dem BND, waren ëmmer déi nämmlecht: Nee.

Elo hofft de Christian Ströbele, datt d'Aussoen vum Andreas Kramer Suitten an Däitschland hunn - als éischt an der Äntwert op seng parlamentaresch Fro. D'Regierung misst elo eng Ufro fir eng Enquête beim BND gemaach hunn.

Wann deen Zeien zu Lëtzebuerg vru Geriicht ausseet, misst jo och iwwerpréift ginn, ob deen d'Wourecht seet, oder net. Selwer huet den Christian Ströbele nach näischt mat deem Zeien ze di gehat. Den Numm géif him näischt soen. Et wier awer bestëmmt ee serieuxen Mann, dee jo och am Bundestag geschafft hätt.

Fir wéi wahrscheinlech hält de Christian Ströbele et dann, datt ee Mataarbechter vum BND soll Aktiounen an de Benelux-Länner koordinéiert hunn? Näischt wier onméiglech, a villes wahrscheinlech, seet hien, et misst een et just beweise kënnen.

Decisiv wier, wéi konkret deen Zeien elo déi Faiten benenne kann. Deeler vun sengen Aussoe géife sech mat bekannte Tatsaachen aus Däitschland oder Italien iwwerschneiden.

AUDIO: Bommeleeërprozess-Ströbele/Reportage vum Danièle Weber