Bommeleeër: Keng DNA-Spure vun Ugekloten op Timberen

De Me Vogel an déi 2 Ugekloten. E Bild vum Ufank vum Prozess.
Allerdings si vum Ben Geiben anerwäerts DNA-Spuren entdeckt ginn. Ausserdeem goung et um 13. Prozessdag ëm ee "krankhafte" Waffesammler bei der Police.
Entgéint deem, wat u sech ugekënnegt gi war, goung et de Méindeg de Mëtten um Ufank vun der Sëtzung net viru mam Dossier Geiben. Well dee méi wéi 4 Sitzungen an Usproch huele kéint, kënnt deen eréischt no der Vakanz drun.
Dofir gouf sech de Moment mam Dossier Henri Flammang beschäftegt, d.h. dem Ex-Armurier vun der Police, dee sech 1995 am Reckendall erschoss hat.

Um Méindeg sollt am Prinzip iwwer de Verdächtege Ben Geiben, de fréiere Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, debattéiert ginn. Dat geschitt awer eréischt no der Ouschtervakanz. De fréieren Armurier vun der Police, den Henri Flammang, war amplaz de Sujet am Prozess.
An 10 Bréiwer un d'Police an un d'Justiz war keng Indikatioun dran, dass dee Mann eppes mat de Bommeleeër ze dinn hat, sot de Chef-Enquêteur vun der Police, Carlo Klein; och bei enger Perquisitioun beim Mann doheem wär näischt an déi Richtung fonnt ginn.
E Waffegeck ... ouni Bommebezuch!?
Den Henri Flammang hat allerdings ë.a. bal 500 Waffen, Sprengstoff a Granaten doheem an och eng Sprengformatioun kritt. Donieft hätt hie fir de SREL geschafft.
Den Enquêteur Carlo Klein huet den Henri Flammang als krankhafte Waffesammler presentéiert, dee sech suicidéiert huet. Dee Polizist hätt näischt mat de Bommenattentater ze dinn, obschonns en Zeien dat behaapt. Deen Zeien, de Johny Michels, ass um Méindeg net gehéiert ginn – wat den Defense-Affekot Gaston Vogel queesch gemaach huet.

Den Zeien Johny Michels
Op d’Fro vum Me Vogel, ob den Henri Flammang och d'Hitler-Buch "Mein Kampf" doheem hat, sot den Enquêteur Carlo Klein Jo, wat de Mann awer net automatesch an e rietsextremen Eck drécke géif!
Den Henri Flammang hätt och Nazi-Gemech gesammelt, mä eben als Sammler, net als Nazi. Dem Maître Vogel seng Fro, ob den Henri Flammang politesche e Reactionnaire gewierscht wier, déi Fro krut keng Äntwert.
2 Ugekloten: Kee Geheimdéngscht, keng Spuren
Op d'Fro vun der Presidentin vum Geriicht un déi 2 Ugekloten, ob si fir de Geheimdéngscht aktiv gewiescht wären, soten déi zwee Neen!
Den Enquêteur vun der Police ass dono op eng Ausso vum fréiere Member vun der Brigade mobile André Steffen agaangen, dee sot, e Gespréich tëscht den Enquêteuren an dem Policechef vun haut, Romain Nettgen, matkritt ze hunn; dora wär gesot ginn: "Mir hunn de Bommeleeër; en huet en Abschiedsbréif hannerlooss."
Déi Ausso huet den André Steffen an Zesummenhank bruecht mam Henri Flammang; dem Carlo Klein no ass dat awer net richteg, well am Bréif vum Henri Flammang wär keng Indikatioun dra gewiescht, dass hien e Bommeleeër wär, soudass den Enquêteur vun enger Revanche vum André Steffen géintiwwer der Police ausgeet.
No der Paus huet den Enquêteur Marc Weis mat sengen Ausféierunge zum Volet DNA ugefaangen. D'Method, fir no sou Spuren ze sichen, wär Mëtt der 80er-Joren nach net zu Lëtzebuerg bekannt gewiescht; a well et 1985 nach keng DNA-Analyse gouf, sinn d’Beweisstécker vun den Attentater contaminéiert vu Leit déi dermat hantéiert hunn. Op déi Manéier si Mësch-Spueren entstan, déi schwéier ze analyséiere sinn.
2000 wär dunn ë.a. no Spaut op Timbere vun den Erpresserbréiwer gekuckt ginn. 2001 goufen z.B. d'Prelevementer u 5 därer Bréiwer iwwerpréift an dono déi un 3 aneren; et goufe keng Spuere vum Ben Geiben fonnt, awer eventuell der vum Jos Steil.
Allerdings si vum Ben Geiben anerwäerts DNA-Spuren entdeckt ginn.
Vun den Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes goufen dogéint keng Spuere fonnt, sot den Enquêteur op d'Fro hi vum Me Vogel.
Dofir huet de Me Vogel dann och vun engem positiven Dag geschwat. An déiselwecht Richtung ass d’Me Lorang an hirem Bilan vum Prozessdag gaangen.
Presidentin: Keng Hiweiser!
Och d'Analys vu Fangerofdréck huet näischt Spezielles erginn, sou den Enquêteur. Dat huet d'Riichterin Sylvie Conter zur Konklusioun bruecht, dass souwuel d'DNA-Spure wéi och d'Fangerofdréck keng Hiweiser op d'Auteure liwweren.
Um Dënschdeg kënnt dann de Volet Prënz Jean drun! De Prënz ass selwer net do, fir auszesoen, ma d'Enquêteure ginn op dee Volet vun der Enquête an.