Schwéier Reprochë géint de Chef-Enquêteur Carlo Klein

Op den Online-Säite vum "tageblatt" seet de fréiere Gendarme André Steffen, de Carlo Klein wier an unduerchsiichteg Magouillë verwéckelt
Et geet do ëm Bestiechung, Waffenhandel, Prostitutioun, Viol a Protokoller, déi verschwonne wieren. Den André Steffen selwer ass am Bommeleeër-Prozess genannt ginn. Hien hat - och op eiser Antenne - gesot, de verstuerwene fréieren Armurier vun der Police, den Henri Flammang, wier e Bommeleeër gewiescht.
Am Prozess hat den Enquêteur Carlo Klein déi Ausso als net credibel bezeechent an den André Steffen diskreditéiert, well hien wéint enger Drogegeschicht veruerteelt gi war Enn der 90er Joren.
Den André Steffen sot, et wier onméiglech, datt viru Geriicht eppes géint hien gesot ginn ass, ouni datt hie reagéiere kéint.