14. Prozessdag um Dënschdeg. Do goung et ëm Konklusiounen, Reprochen, Aussoen an ëmmer nees de Prënz Jean. En Zeie wëll e beim Findelattentat erkannt hunn.

Um Ufank vun der Sëtzung huet d'Presidentin vum Geriicht erkläert, dass d'Enquêteuren op Grond vun Informatiounen aus de leschten Deeg weider Aufgabe kruten; méi Präzisioune gouf et net!

Maître Vogel mat 4 Konklusiounen

Dono huet de Me Vogel 4 Konklusioune virgeluecht. An deem Kontext huet den Affekot vum Marc Scheer gefrot, dass e Mann wollt gehéiert ginn, deen Informatiounen iwwert den Haff gouf.

De Grand-Duc Jean hätt sech nämlech eng Kéier zu Cabasson mam Prënz Jean zerstridde wéinst der Bommeleeër-Affär; an deem Zesummenhank hätt den deemolege Staatschef och de Bouf vum fréiere Premier Pierre Werner domat a Verbindung bruecht.

Enquêteur Klein weist Virwërf zeréck

Donieft huet de Me Vogel eng Note vum fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer presentéiert, an deem deen op d'Stay-behind-Pist hiweist, Informatiounen iwwert de SREL, an deem et ëm d'Kritäre geet, fir beim Geheimdéngscht agestallt ze ginn, an Informatiounen iwwert den Enquêteur Carlo Klein, déi um Dënschdeg am Tageblatt publizéiert goufen - mat schwéiere Reprochen un d'Adress vum Bommeleeër-Chef-Enquêteur vum fréiere Gendarme André Steffen.

Zu de Punkte Kemmer a SREL-Informatioune gouf eng Enquête ordonnéiert.

De Carlo Klein huet donieft d'Virwërf zeréckgewisen, déi géint hien am Tageblatt erhuewe goufen.

Ausserdeem si Parties civilë fir d'Stad Lëtzebuerg an d'Bal-Affer vum Attentat Aasselscheier constituéiert ginn.

Wéinst Rumeuren no Alibi gesicht

Wat d'Pist Prënz Jean ugeet, sot den Enquêteur Marc Weis, et wär séier d'Rumeur opkomm, dass en "Décken" eppes mat den Attentater ze dinn hätt; dat hätt vläicht domat ze doe gehat, dass de Prënz op den Troun verzicht hat.

Den deemolegen Hofmarschall huet doropshin, wéi et schéngt, no Alibie vum Prënz Jean fir d’Attentatsdatumer siche gelooss. Dobäi koum eraus, dass de Prënz zur Zäit vum Attentat um Schléiwenhaff beim Manöver Éislek 1985 dobäi war. Dem Marc Weis no gouf ni géint de Prënz enquêtéiert; deen hätt och eréischt 2005 vun de Rumeure géint hien héieren, a seng Famill hätt wuel dovu gewosst.

Op den Troun hätt de Prënz aus private Grënn verzicht.

Den Enquêteur vun der Police ass dunn op den Zeie Beffort agaangen, deen de Prënz Jean beim Attentat Findel wëll erkannt hunn. Hien hätt der Police d'Autosnummer matgedeelt, awer du vu Sûretés-Leit gesot kritt, e sollt den Numm vum Prënz ni nennen. Doropshin hätt de Mann regelméisseg Visitte vun der Sûreté kritt. Den Numm vum Prënz Jean wollt de Mann just dem Premier Jean-Claude Juncker nennen.

Fir de Me Vogel ass de Prënz Jean en delikate Personnage an dëser Affär an den Zeie Beffort hätt wuel kee Blödsinn erzielt.

Zweiwel un Zeien - Alibi net iwwerpréift

No der Paus sot de Me Vogel, dass hien d'Tëleesaussoe vum Zeie Beffort wéilt héieren. D'Riichterin Sylvie Conter huet ënnerstrach, dass den Zeie bei sengen Aussoe blouf, och wa villes widderluecht gouf! Dat huet den Enquêteur Marc Weis confirméiert; den Zeie wär awer formell gewiescht, de Prënz erkannt ze hunn!

De Polizist huet donieft missen zouginn, dass dem Prënz säin Alibi fir den Owend vum Attentat um Findel net iwwerpréift gouf!

Prënz Jean: Alibi net stéchfest?
Viru Geriicht gouf et dann och Zweifel um Prënz Jean sengem Alibi, dat am Kader vun de Bommentattentater um Findel de 9te November 1985.
Bommeleeër: Zeie wëll Prënz gesinn hunn, Alibi net gepréift!
14. Prozessdag um Dënschdeg. Do goung et ëm Konklusiounen, Reprochen, Aussoen an ëmmer nees de Prënz Jean. En Zeie wëll e beim Findelattentat erkannt hunn.