BKA: Bommeleeër ouni Geld an Terror-Motiver

Weidere Prozessdag an der Affäre Bommeleeër, wou et um Mëttwoch geheescht huet, den 9. Abrëll géing den däitschen Historiker Andreas Kramer gehéiert ginn.
De Mann hat jo an enger Attestation testimoniale festgehalen, dass säi Papp an de fréiere Geheimdéngscht-Chef Charel Hoffmann hannert den Attentater zu Lëtzebuerg stéingen. De Me Vogel sot an deem Kontext, dass hien Informatioune vum ZDF-Magasin Frontal krut, aus deenen ervirgeet, dass den Historiker glafwierdeg wär.

Den Affekot huet donieft op eng Enquête iwwert den Alibi vum Prënz Jean zum Attentat um Findel insistéiert.
Den Enquêteur vun der Police Carlo Klein huet an deem Zesummenhank betount, dass et e Virgespréich mam Prënz Jean am Haus vum Prënz Guillaume gouf, bei deem et ëm d'Alibi vum Prënz goung. De Me Vogel huet dozou gemengt, d'Haus vum Prënz Guillaume wär keng Plaz fir eng Enquête; dat hätt hien nach ni erlieft, an et wär eekelereegend.
Den Affekot huet sech gefrot, wat de Procureur Robert Biever do ze maachen hat, well deen hätt net brauchen do ze sinn! Fir d'Me Lorang kéint net vun enger Audition de témoin Rieds goen, mä vun der Preparatioun dovun. Dat géif net goen, a si wär frou gewiescht, wann d'Ugeklote Scheer a Wilmes déiselwecht Égarde kritt hätten. Dem Carlo Klein no ass dat Virgoen awer eigentlech net onüblech; de Prënz hätt och net wëllen eleng mat den Enquêteure schwätzen. Doropshin huet sech d'Riichterin Sylvie Conter gefrot, wat de Prënz do ze decidéieren hätt!
Den Enquêteur Marc Weis huet du Fotoe vun de Prënze Jean a Guillaume gewisen. Zum Alibi vum Prënz Jean war et d'Ausso, dass dee seet, hie wär den 8. November 1985 vu Paräis aus an de Loir-et-Cher gefuer. Den Zeie Schommer hätt iwwerdeems ni den Numm vum Prënz Jean genannt, sou de Marc Weis.
Dono ass den Enquêteur Carlo Klein virugefuer mat der sougenannter Fallanalys vum Bundeskriminalamt. D'Forces de l'ordre haten no engem Profiling vum Täter gefrot, wouvun d'BKA awer ofgeroden hat. An där Analys gouf ë.a. festgehalen, dass d'Bommeleeër nëmme bei zwee Attentater en héicht Risiko agaange sinn, an zwar bei deem op d'Gendarmerie a bei deem zu Hollerech.
Donieft géifen d'Bommeleeër e Grupp duerstellen, deen enk zesummen hält, a si wären Idealisten.
Am Resumé
D'Bommeleeër waren duerchtrainéiert, konnten Englesch – awer net ze gutt – , se waren en homogene Grupp, deen enk zesummegehalen huet a nach hält, a se hate weder Geld- nach Terror-Motiver. Dat ass dat, wat d'Bundeskriminalamt a senger Fallanalyse iwwer d'Bommeleeër festgestallt huet. Ouni datt vill nogefrot ginn ass.
Fir méi Opregung huet gesuergt, datt d'Auditioun vum Prënz Jean am Joer 2005 preparéiert ginn ass an der Privatwunneng vum Prënz Guillaume zu Conter, en présence vum Procureur Robert Biever, vun der juge d'Instruction Doris Woltz a vun e puer Enquêteuren. Eng Entrevue, fir déi den Defense - Affekot Gaston Vogel awer och iwwerhaapt kee Versteestemech huet. Och d'Maître Lorang huet protestéiert: déi Ugeklote Scheer a Wilmes wieren iwwerrumpelt ginn an hiren Auditiounen, iwwerdeems de Prënz mat allen Egardën behandelt gi wier.