FBI: "Bommeleeër sinn hei am Land ze sichen"

De Me Vogel
Um 16. Prozessdag en Donneschdeg hunn de Me Vogel an d'Me Lorang an zum Deel och d'Presidentin vum Geriicht den Enquêteur kritiséiert.
D'Sëtzung vum Donneschdeg de Mëtten huet mat enger Attack vum Me Vogel op den Enquêteur Carlo Klein ugefaangen, vun deem sech den Affekot um Mëttwoch abuséiert fonnt huet. De Me Vogel huet weider Problemer mam Virgespréich, zu Konter, mam Prënz Jean, vun deem et keng Aktennotiz géif ginn; sengen Informatiounen no wär déi Reunioun och vum Minister Luc Frieden arrangéiert ginn.
D'Me Lorang huet hirersäits vun enger "Mauer des Schweigens" geschwat, déi et normalerweis géif ginn, wann ee bei den Untersuchungsriichter geet.
De Me Vogel huet domat enchaînéiert, dass hien et haasse géif, wa Saache camoufléiert ginn; zum Gespréich wär et, als Rappel, zu Konter am Haus vum Prënz Guillaume komm. Fir de Carlo Klein wär sou e Virgespréich bei enger gréisserer Auditioun de Fall; deem huet d'Riichterin Sylvie Conter widdersprach, déi sou e Cortège net üblech an net normal fonnt huet.
Den Enquêteur huet betount, net ze wëssen, ob de Minister Frieden dat Gespréich arrangéiert hätt.

D'Me Lorang
Der Me Lorang no wär dat och keng Auditioun gewiescht, wouropshin de Carlo Klein sot, dat wär kee Kaffiskränzche gewiescht, well de Prënz Jean sech doriwwer beschwéiert hätt.
De Me Vogel huet sech du gefrot, firwat de Procureur Robert Biever ëmmer bei deene Rendez-vousen op klengen Dierfer dobäi war.
D'Ausso da vum Enquêteur, et wär net onüblech, dass en Affekot bei sou engem Gespréich dobäi ass, huet de Me Vogel als falsch zeréckgewisen!
FBI tippt op Lëtzebuerg
Viru goung et mam Enquêteur Guy Marx, deen d'psychologesch Analys vun de Bommeleeër an d'Analys vun Debrisen duerch den FBI presentéiert huet. An deem Kontext huet de Me Vogel d'Fro gestallt, ween déi Saachen un d'Amerikaner weiderginn huet.
"Dat weess ech net", war d'Äntwert vum Enquêteur. De Me Vogel huet du gefrot, ob de fréiere SREL-Chef Charel Hoffmann dozou gehéiert gouf, dass Piècen un den FBI goungen. Dat wär geschitt, mä hien hätt keng präzis Aussoe gemaach, sou de Guy Marx, dee sech nach drun erënnert huet, dass FBI-Leit, déi op Lëtzebuerg koumen, gesot hätten, dass d'Bommeleeër hei am Land ze siche wären.
De Me Vogel huet dat ganz interessant fonnt!
Den Affekot wollt du vum Enquêteur gewuer ginn, ob am Kader vun enger Perquisitioun beim SREL de Geheimdéngscht virgewarnt gi wär.
De Guy Marx huet erkläert, kengem do ugeruff ze hunn!
FBI-Fokus op ... de Ben Geiben?
Dono huet den Enquêteur betount, dass den FBI souzesoen eng Fallanalys gemaach huet.
D'Me Lorang huet ze bemierke ginn, dass Beweispiècë séier an d'USA goungen an den FBI-Profil vun engem Bommeleeër op ee passe géif, an zwar de Ben Geiben, wéi de Me Vogel de Saz fäerdeg gemaach huet.