D'Enquêtëkommissioun Geheimdéngscht huet de Jean-Claude Knebeler gehéiert, deen ë.a. am Wirtschaftsministère fir den Aussenhandel zoustänneg war.

No der Reunioun sot de Kommissiounspresident Alex Bodry, dass eng am Ministère geschafe Cellule de renseignement no an no fir d'Organisatioun vun Auslandsreesen erugezu gouf.

Wat d'Fro ugeet, wéi et zu Wirtschaftsmissioune wéi ë.a. déi an den Nordirak koum, huet de Jean-Claude Knebeler zum Deel aner Aussoe gemaach wéi Zeie virdrun; dofir ginn als nächst nach emol de Fränk Schneider an den André Kemmer gehéiert.

D'Kommissioun huet dann och scho Sëtzungsdatumme bis an de Juni era festgeluecht, sou de President Alex Bodry.

An deem Zesummenhank ginn am Ganzen 3 Expäre gehéiert: Nieft dem gebiertege Lëtzebuerger François Heisbourg sinn dat nach zwee Juristen, een aus Däitschland an een aus Frankräich. Déi Sëtzungen dierften dann erëm ëffentlech sinn!

Um Bord vun der Reunioun war iwwregens nach gewuer ze ginn, dass sech den Invité Jean-Claude Knebeler, wat de Volet illegal Écoutë betrëfft, als Zeie gemellt huet!

AUDIO: Enquêtëkommissioun Geheimdingscht/Reportage Eric Ewald