Bommeleeër-Bilan: Nei an al Verdächteger, nei an al Spuren

4 Woche Bommeleeër-Prozess – all Dag vill Spectateuren a vill Journalisten am Geriicht a fir RTL war den Nico Graf derbäi, deen en éischte Resumé mécht.
"Déi zwee Hären hei lénks vu mir, déi setzen net hei, well mer hir DNA fonnt hunn oder hir Empreintes digitales, mä well den Här Scheer dat gesot huet, wat e gesot huet." Dee Satz ass vun der Riichterin Sylvie Conter. Et war bis ewell – no 4 Woche Prozess – bal deen eenzege Saz vun uewe vum Riichterdësch an Direktioun vun den zwee Ugekloten.
An de Procureur adjoint Georges Oswald sot et eng Kéier bal dat selwecht; e sot: "Dir sidd hei, well Der eppes gesot hutt, well Der op eng bestëmmte Manéier dorop reagéiert hutt a well Der duerno weider - a wéi - doriwwer geschwat hutt."
Alles bezitt sech ëmmer op dat, wat de Marc Scheer bei sengen Auditioune gesot hat a wéi et duerno domat weider gaang ass.
Géif et reng no de Spure goen, no den objektive Fakten, géifen déi zwee Ugekloten net do sëtzen.
Mä well d'Geriicht schonn emol ugefaang huet, gëtt dervunner profitéiert, fir de ganze Komplex Bommeleeër opzerullen, quitte datt de Parquet an d'Enquêteurë bis ewell nach liichtjorewäit vun den zwee Ugekloten ewech sinn.
Dat hänkt och un der Defense, déi hefteg op bis ewell negligéiert Spuren weist, virop d'Spur "Stay behind". A wou d'Defense Recht huet, huet se einfach Recht: Et ass frappant, wéi déi Lëtzebuerger Attentater strukturell deenen aus dem Ausland aus den 80er-Jore gläichen. An e puer Wierder gesot: Et gouf iwwerall Onsécherheet verbreet, fir de Leit méi Sécherheet ze verkafen. Eng rietsextrem Strategie géint de béisen Ennemi aus dem Osten. Et kéint sinn, datt mer no a no am Laf vum Prozess vill méi iwwer "Stay behind Lëtzebuerg" - le plan - gewuer ginn wéi iwwer d'Bommeleeër. Wann et net awer datselwecht ass. Mä et gëllt: Et muss ee mat der "mèche lente" a Fixfeier an der Hand gesi gi sinn, fir en Täter ze nennen. Et sief dann, e nennt sech selwer wéi de Marc Scheer dat neelech gemat huet.
A wéi de Ben Geiben et dem Ted Wormeringer gesot soll hunn, wann et nom Ted Wormeringer geet. D'Konfrontatioun vun deenen zwee war ee vun de spannendste Momenter am Geriicht. An déi extrem glat Façade vum Ben Geiben krut en éischte Rass, wéi e peu à peu huet missen zouginn, e bestëmmte Mann, deen den Ted Wormeringer als Zeie genannt hat, wéi en huet missen zouginn, deen awer vläit ze kennen. An de Jos Wilmes sot op eemol, et géif Fotoe ginn, op deenen déi zwee Männer drop wieren, se misste sech kennen. De Jos Wilmes géint de Ben Geiben, tiens, tiens.
En anere staarken Ament war deen, wéi en Enquêteur huet missen zouginn, datt dem Prënz säin Alibi fir d'Nuecht vum 8. op den 9. November 1985, d'Nuecht virum Attentat, net iwwerpréift gi wier. Ausgerechent an deeër Nuecht, seet jo den Eugène Beffort, hätt hien de Prënz um Findel gesinn.
An dann hunn zwee Dierfer eng grouss Roll gespillt: Uewerdonven a Conter an an deenen zwee Dierfer de prominenteste Bommeleeër-Jeeër vum Land, den deemolege Procureur Robert Biever. Dee sech mat zwee – wéi soll ee soen – Zeien oder Verdächtegen, un e Kaffisdësch gesat huet, fir deen ee kennezeléieren a fir deem aneren ze soen, wann hien kee Bommeleeër wier, da bréicht hien Alibie fir d'Bommendeeg. Zwou onglécklech Actiounen vum Procureur.
An et war de Procureur Georges Oswald selwer, deen am Prozess huet misse soen, et sollt een ophalen, op de Procureur Biever ze klappen, well ëmmerhi wier deen et gewiescht, deen höchstselbst Enn der 90er-Joren d'Enquête géint d'Bommleeër relancéiert hätt. Sous-entendu mat alle weidere Suitten: dem Verdacht géint Gendarmen, dem Verdacht géint de Geheimdéngscht, dem Verdacht géint déi fréier Brigade-mobile-Cheffe Steil a Geiben.
De Bommeleeër-Prozess geet no der Ouschtervakanz weider. da geet en an déi 5. Woch. 3 Méint soll en insgesamt daueren.