Den Eric Ewald probéiert, e bësse Liicht an déi eenzel Spueren ze bréngen, iwwert déi an de 4 éischte Woche vum Prozess Rieds war.

An de 16 éischte Verhandlungsdeeg si scho souvill Detailer op d’Tapéit komm, dass et fir de grand Public wuel zäitweis schwéier war, fir nach den Iwwerbléck ze behalen, dobäi muss ee wëssen, dass d’Bommeleeër op d’mannst zu 4 waren:

Fir de Parquet ass et kloer, dass d’Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes zu deem Grupp gehéieren. De Procureur général d’État Robert Biever sot awer de leschte Mount am RTL-Interview, dëse Prozess wär net dee vun den Haaptauteuren.

D’Spuer Ben Geiben/Jos Steil/Brigade mobile

Am Verlaf vum Prozess huet d’Presidentin vum Geriicht ënnerstrach, dass de fréiere Chef vun der Brigade mobile Ben Geiben als bescht Spuer ugesi gouf, bis déi an der Nuecht vum Attentat op de Geriichtspalais fale gelooss gouf, wéi de Procureur enchaînéiert hat. V.a. awer steet d’Ausso vum Zeien Ted Wormeringer am Raum, deem de Ben Geiben viru 27 Joer soll gesot hunn: „Ech hunn nach en zweeten Numm: Ech sinn de Bommeleeër“. Fir d’Affekote vun den zwee Beschëllegte passt donieft den FBI-Profil vum Bommeleeër op de Ben Geiben a goufe souwuel vun deem wéi vum Jos Steil DNA-Mëschspueren op Bewäisstécker fonnt. Fir de Me Vogel stellt sech doriwwer eraus d’Fro, ob de Ben Geiben an de Jos Steil d’Projete vun der Geheimarméi Stay behind exekutéiert hunn.

D’Spuer Stay behind/Arméi

An deem Kontext huet sech e Commissaire en chef vun der Police judiciaire gemellt, dee vun enger Kommando-Aktioun, virun 32 Joer, mat der Participatioun vun ë.a. amerikanesche Marines geschwat huet. Déi hunn d’WSA-Lager um Krakelshaff iwwerfall, wat eng éischt Etapp gewiescht wär um Wee zu den Attentater vun de Joren 1984 bis 1986. Dann huet en däitschen Historiker, deen en Dënschdeg gehéiert gëtt, eng Attestation testimoniale virgeluecht, an där steet, de Lëtzebuerger Grupp vun der NATO-Geheimarméi wär responsabel fir d’Attentater. A fir de fréiere Geheimdéngscht-Chef Charel Hoffmann hat Stay behind ë.a. d’Missioun, fir Sabotage-Aktiounen duerchzeféieren.

D’Spuer Geheimdéngscht

An den Ae vum Me Vogel wär de Stay behind-Reseau zu Lëtzebuerg ënnert dem Kommando vum SREL gelaf an hätt vu schwaarze Keese profitéiert, déi vun der US-Ambassade gespeist goufen. Do wär ee Mann e grousse Kolleg vum Ben Geiben a vum Charel Hoffmann gewiescht. Donieft géif den FBI-Profil vum Bommeleeër och op de Charel Hoffmann passen.

D’Spuer vum Prënz Jean

Zu gudder Lescht wëll jo en Zeien de Prënz Jean am Zesummenhank mam Attentat um Findel erkannt hunn. Den Alibi fir déi Nuecht, huet en Enquêteur vun der Police missen zouginn, gouf net iwwerpréift. Bei engem Gespréich mam Prënz Jean am Haus vum Prënz Guillaume hätt de Prënz, dem Me Vogel no, och Tuyaue kritt, fir aus där Saach eraus ze kommen.

Bommeleeërprozess geet e Méindeg weider
No der Ouschtervakanz geet et e Méindeg weider am Bommeleeërprozess, wou mam "Défilé vun den Zeien" mat Iwwerraschungen ze rechnen ass.