An der Chamber-Kontrollkommissioun Geheimdéngscht ass elo de Joeresrapport 2012 virbereet ginn.

Inhaltlech huet de SREL virop op der islamistescher Menace geschafft, mee natierlech war d'Joer 2012 markéiert duerch d'SREL-Affaire mat de verschiddenen illegalen Ecoutten.

De SREL-Chef Marco Mille hat säin eegene Chef de Premier Jean-Claude Juncker ofgelauschtert - an dat ass 2012 op eiser Antenne erauskomm an an der Suite dovunner eng hallef Dose weider illegal Ecoutten. Kee Wonner, datt dat alles an de Rapport 2012 dra kënnt. Mee de Service, seet de François Bausch, schafft och nach normal weider.

An der Kontrollkommissioun fille se sech dem François Bausch no, wéi gebrannte Kanner. An der Vergaangenheet wieren hinne vill Informatioune guer net matgedeelt ginn an dowéinst giffe si vill méi genee nofroen. De Service fir säin Deel giff vill méi transparent schaffen. D’ Kommissioun ass fréier nëmme vun der Direktioun informéiert ginn. Dat huet sech radikal geännert. Et géif vill méi mat den eenzelne Leit, déi Operatioune leeden, geschwat ginn. Derbäi ass och erauskomm, datt d'Stëmmung bei den aktuelle SREL-Mataarbechter ganz bedréckt ass, well si deels Feeler aus der Vergaangenheet elo missten auslëffelen.

De François Bausch sot awer och ganz däitlech, datt d’Kommissioun an en engem komeschen Tësche-Stadium ass. En neit SREL-Gesetz gëtt et nach net, et wier awer néideg. D’Enquête-Kommissioun schafft och nach an huet ëmmer nei Erkenntnisser – déi zum Deel à huis clos – an d’ Justiz schafft och op verschiddenen Enquêten. E Gesamtbild gëtt et nach net a wat vun eenzelnen Elementer ëffentlech dierft ausgebreet ginn, dat wier net esou kloer.

Mee et geet elo der Rei no : an de nächsten Deeg kënnt de Joeresrapport 2012, d’Enquête-Kommissioun héiert e Freideg de Frank Schneider – a wat d’ Justiz mécht, dat weess den Ament keen esou richteg. Ausser datt preliminaire Enquêten a Verhéier am Gaang sinn.