Bei enger Perquisitioun 2003 beim Geheimdéngscht gouf och een Dossier iwwert d'Attentater vun de Bommeleeër fonnt.

E Méindeg de Mëtteg um 15 Auer ass de Prozess ëm d'Bommenattentater an den 1980er-Joren an déi 5. Woch gaangen.

Fir den Enquêteur vun der Police Guy Marx gouf et wéineg Informatioune vum Geheimdéngscht iwwert d'Attentater.

Dofir koum et am Dezember 2003 zu enger Perquisitioun beim SREL. Dobäi gouf e.a. en Dossier iwwert d'Attentater fonnt.

Op Fro hi vum Me Vogel sot de Polizist, de Ben Geiben wär net vum Geheimdéngscht ofgelauschtert ginn.

Dem Guy Marx no goufen e puer Leit vum Geheimdéngscht am Kader vun der Bommeleeër-Enquête gehéiert. Ënner anerem hätt de fréiere SREL-Chef Charel Hoffmann dobäi erkläert, ze bedaueren, dass de Geheimdéngscht ni offiziell beoptraagt gi wär, fir z’enquêtéieren; de SREL wär also net offiziell an d’Enquête agebonne gewiescht.

D'Zesummenaarbecht mat der Justiz war schlecht, an et hätt ni e Kontakt mat de Spëtzte vu Police a Gendarmerie ginn.

Entgéint der Ausso vum SREL-Chef huet de Premierminister Jacques Santer a sengen Auditiounen allerdings gemengt, dass de Geheimdéngscht vun Ufank un an d'Enquête Bommeleeër agebonne war.

Bommeleeër: Geiben net vum Geheimdéngscht ofgelauschtert
Bei enger Perquisitioun 2003 beim Geheimdéngscht gouf och een Dossier iwwert d'Attentater vun de Bommeleeër fonnt.
Bommeleeërprozess geet e Méindeg weider
No der Ouschtervakanz geet et e Méindeg weider am Bommeleeërprozess, wou mam "Défilé vun den Zeien" mat Iwwerraschungen ze rechnen ass.