Bommeleeër: Huet de Jacques Santer d'Chamber belunn?

Me Vogel: Fréiere Premier Santer gouf Accord fir Participatioun vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht u Stay-behind-Exercicer. Domat hätt hien d'Chamber belunn.
Wat ee Prozess! 18. Dag an der Affaire Bommeleeër um Stater Geriicht um Dënschdegnomëtteg. Um Programm: d'Auditioun vum däitschen Historiker Andreas Kramer. Deen hat jo eng Attestation Testimoniale virgeluecht, an där hie steet, datt d'Lëtzebuerger an der Geheimarméi Stay Behind responsabel wiere fir d'Attentater. An de Jos Wilmes a Marc Scheer sinn onschëlleg, esou zitéiert den Zeie säi verstuerwene Papp, e Geheimagent.
De Me Vogel huet an der Paus eng Pièce produzéiert, aus där ervirgeet, dass den deemolege Premier Jacques Santer z.B. 1985 säin Accord gouf zur Participatioun vum Lëtzebuerger Geheimdingscht u Stay behind-Exercicer. Domat hätt de Jacques Santer d'Chamber belunn!
Kloer Aussoen
Den Historiker Andreas Kramer sot um Ufank vu senger Auditioun um Dënschdeg, hien hätt seng Informatiounen zum Prozess iwwert d'Lëtzebuerger Press kritt.
Säi Papp, deen am November am Alter vu 75 Joer gestuerwen ass, hätt him all d'entspriechend Infoe weiderginn; dee Papp hätt och sou gutt wéi keng Frënn gehat, well en immens ofgeschiermt war.
De Papp wär un Aktioune bedeelegt gewiescht, déi iwwert déi normal Geheimdéngschtaarbecht erausgoungen, a wär Mataarbechter vum BND, dem däitsche Geheimdéngscht, mat Sëtz no bei München gewiescht.

De Mann hätt an engem klenge Grupp geschafft, deen zoustänneg war fir Stay behind Däitschland, an hätt mat aneren NATO-Geheimdéngschter kollaboréiert, ë.a. mat deenen aus dem Benelux.
Hien hätt Kontakt zum fréiere SREL-Chef Charel Hoffmann gehat a wär direkt an d'Bommeleeër-Affär verwéckelt gewiescht. De Papp hätt nämlech Attentater virbereet, z.B. op d’Cegedel, an 3 Erpresserbréiwer geschriwwen; dowéinst wëll den Historiker selwer eng DNA-Prouf ofginn!
Intern Rivalitéiten
En däitsche Generol wär de Chef vum Charel Hoffmann a vum Papp Kramer gewiescht, déi alle béid direkt Uerderen aus dem NATO-Haaptquartéier kritt hätten. Am Kader vun der Bommeleeër-Affär stounge sech d'NATO an d'NATO géintiwwer, sou den Historiker, fir dee sech de Charel Hoffmann un d'CIA an un den FBI adresséiert an ëm Hëllef gefrot hätt.
Doropshin hätt säi Papp de Charel Hoffmann menacéiert; de Mann hätt och e Geheimdéngscht am Geheimdéngscht opgebaut. De Papp Kramer hätt iwwert den FBI-Rapport Bescheed gewosst an den FBI wär no u sengem Papp dru gewiescht.
Vun däitscher Säit wären eng 40 Leit un der Bommeleeër-Affär bedeelegt gewiescht an hei am Land wären eng 10 Leit vun him kontaktéiert ginn. An deem Kontext wär den Numm Ben Geiben gefall; de Papp Kramer hätt och Kontakt zur Brigade mobile vun der Gendarmerie gehat.
De Papp hätt och am Januar 2007 gesot, de Marc Scheer an de Jos Wilmes wären onschëlleg!
Lëtzebuerger "nëtzlech Idioten"
Säi Papp misst bis zum Alter vu 70 Joer fir den däitsche Geheimdéngscht weider geschafft hunn an déi Zäit och säin Netzwierk oprecht erhalen hunn. Déi 10 Lëtzebuerger, déi hie fir d'Bommeleeër-Affär rekrutéiert hätt, wären "nëtzlech Idioten" gewiescht, sot den Andreas Kramer.
Säi Papp hätt déi Leit wéi anerer benotzt, wär en Terrorist gewiescht an hätt den Doud vun anere Leit a Kaf geholl.
Well Lëtzebuerg international Konventiounen net ënnerschriwwen gehat hätt, wär et zu den Attentater komm, déi säi Papp als militäresch Exercicer ugesinn hätt. De Charel Hoffmann hätt zwou Equippe gehat, ë.a. en Ugrëffsgrupp vu 6 Leit, déi de Sprengstoff geklaut hätten.
Bei den Attentater wäre souwuel BND- wéi SREL-Leit am Asaz gewiescht, an de Charel Hoffmann misst déi lëtzebuergesch Leit kennen. De Charel Hoffmann hätt och seng Leit vuneneen ofgeschiermt, fir dass kee vun deem anere Bescheed wosst.
Säi Papp hätt déi awer all kannt, sou den däitschen Historiker.
Déi 6 Lëtzebuerger wäre Membere vu Stay behind gewiescht, a Schottland forméiert ginn a "gutt Leit" gewiescht, wéi de Papp Kramer et formuléiert hat.
Säi Papp an de Charel Hoffmann hätte sech iwwregens net leide kënnen.
Procureur: Blabla ...
De Procureur Georges Oswald huet d’Aussoe vum Andreas Kramer dogéint als "generelle Blabla" considéréiert; hie wéilt méi Präzisiounen hunn, sou de Vertrieder vum Parquet. Eventuell muss den Andreas Kramer deemno nach emol gehéiert ginn!
Coup an der Paus
De Me Vogel huet an der Paus eng Pièce produzéiert, aus där ervirgeet, dass den deemolege Premier Jacques Santer z.B. 1985 säin Accord gouf zur Participatioun vum Lëtzebuerger Geheimdingscht u Stay behind-Exercicer. Domat hätt de Jacques Santer d'Chamber belunn!