Geheim Dokumenter: "Stay Behind" war hei gutt organiséiert

Stay-Behind-Leaks: Et gëtt vill Beweiser - "très secret" oder "top secret" - fir den enken Austausch tëscht der "geheimer" Organisatioun an der Regierung.
Den italieneschen P2-Loge- a Gladio-Member Licio Gelli huet hei am Land eng Sécurité-sociale-Nummer. Dat ass RTL Radio Lëtzebuerg gewuer ginn an et sinn eis och Dokumenter geschéckt ginn, déi am Detail weisen, wéi de Stay-Behind-Reseau hei zu Lëtzebuerg fonctionnéiert huet. Vun de 50er-Joer u bis 1990.
Véier Wierder kommen op den Dokumenter ëmmer erëm: Et sinn d'Wieder très secret oder top secret, jee nodeems.
Stay-Behind-Leaks
Eent vun den eelsten Dokumenter ass aus dem Joer 1959, vum Chef des services spéciaux luxembourgeois un de Président de l'ACC. Deen ACC oder CCA ass de "comité de coordination allié". Et waren 1985 10 Länner do dran, dorënner Däitschland. Den Andreas Kramer huet dee Comité um Geriicht en Dënschdeg de ganzen Zäit genannt. Am Bréif vum Abrëll 1959 gëtt de ganze Stay-Behind-Problem scho benannt, esou: résumer les problèmes des liasions que pose le ralliement d'une base à l'étranger une fois que le territoir national sera occupé. Dat ass jo de ganzen Stay-Behind-Zeenario: Wat maachen, wéi a Kontakt bleiwen, wéi Resistance organiséieren, wann den Ennemi d'Land iwwerrannt huet.
D'Dokumenter regelen do villes am Detail: Wou a wéi Saachen aus der Loft am Land solle landen, wéi d'Regierung a Geheimdéngschtleit sollen evacuéiert ginn, Detailer iwwer Bewaffnung, Radio-Emetteuren, déi solle kaaft ginn, Infiltratioun an Exfiltratioun vun Agenten um besaten Terrain spillen eng grouss Roll.
Apropos Agenten.
Et gëtt en Dokument, wou d'Stay-Behind-Agenten all mam Numm genannt ginn, un hirer Spëtzt 2 Instructeuren, allen zwee bestuet mat jeeweils 2 Kanner, dann dräi weider Ex-Organisateuren an dann d'Agenten, 10 Leit, aus der Stad bis an dat klengsten Duerf, mat 9 verschiddene Beruffer vum "employé privé" bis zum "instituteur en retraite" an et ass ëmmer schéi markéiert, datt se all bestuet waren, se hate Kanner a bei zwee steet derbäi "(épouse au courant)". D'Madame wousst also Bescheed, datt hire Mann Stay-Behind-Agent war.
Och d'Recrutements-Critèrë si kloer: Et wier gutt, wann déi zukünfteg Agente Patriote wieren an e perséinlechen, kalen Haass op den Ennemi hätten. Politesch e reliéis Iwwerzeegunge wiere gutt, mä och perséinlech Rancunen oder Chantage oder goût de l'aventure. Et sollen natierlech onopfälleg, net virbestroofte Lëtzebuerger sinn a se sollen avoir soins des relations féminines. An déi Agenten hu missen Attestatiounen ënnerschreiwen; se verflichte sech, gutt op Dokumenter, Pläng, Renseignementer an Ausrüstung opzepassen, déi d'Defense nationale beréieren, a se ënnerschreiwen, datt se wëssen, datt se bestrooft ginn, wa se déi Saachen oder Dokumenter un onbefugte Leit weiderginn. Ëmmer déiselwecht Omertà-Attestatioun, vun den 60er-Joer bis ugangs d'80er-Joer.
Apropos Administratioun.
Ganz wichteg awer och: administrativ Froen, vum SREL-Chef Charel Hoffmann un d'Premierë Pierre Werner a Jacques Santer, wou déi zum Beispill gefrot ginn, hiren Accord ze ginn à un exercice international prévu dans le cadre de l'instruction pratique des agents stay behind. Et geet do ëm infiltration de matériel par la voie aérienne en collaboration avec le service clandestin britannique, vum 8. bis den 12. Juli 1985, ugefrot den 2.5.1985, autoriséiert a mat engem "d'accord" ënnerschriwwen den 12.6.85 vum Jacques Santer. En top secret interne Courrier aus dem Ministère d'Etat. An deeër gëtt et e puer.
De Jacques Santer huet iwwregens de 14. November 1990 an der Chamber gesot, hie wier iwwerrascht gewiescht vun den Aktivitéite vum Stay-Behind-Reseau an hie giff net mengen, datt e Minister vu sengem Gouvernement doriwwer Bescheed gewosst hätt.
1919 0421 034
An dann nach eppes: an der Lescht war elo e puer Mol Rieds driwwer, de P2-Chef Licio Gelli wier an den 80er-Joer zu Lëtzebuerg gewiescht, hätt esouguer eng Zort Commerce an der Ënneschtgaass gehat. De Licio Gelli gëtt jo soupconnéiert, an Italien de faschistoiden an terroristesche Gladio-Reseau opgebaut ze hunn, déi italienesch Branche vu Stay-Behind. An de Licio Gelli war wuel wierklech hei am Land: Well hien huet hei eng Sécurité-sociale-Nummer, déi hei: 1919 0421 034.
Eng Adresse huet hien net bei der Sécurité sociale: Am Plaz vun der Adresse stinn nëmmen e pur Xen do. An et ass d'Fro, wat de Geheimdéngscht an d'Regierung Santer iwwer de Licio Gelli hei am Land wossten.