Suite vun der Auditioun vum däitschen Historiker Andreas Kramer um Mëttwoch de Mëtteg um 19. Dag vum Prozess ... mat nees kloeren Aussoen.

Um zweeten Dag vu senger Auditioun huet den däitschen Historiker Andreas Kramer de Mëtten erkläert, säi Papp wär rietsradikal gewiescht an hätt net gutt englesch konnt, obwuel de Mann 3 vun den Erpresserbréiwer an där Sprooch geschriwwen hätt.

De Papp wär och kaum doheem gewiescht, hätt e puer Konte gehat an him ëmmer erëm verschidde Saachen erzielt.

Zu den Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes wär net méi ze soen, wéi dass de Papp him géintiwwer erkläert huet, si wären onschëlleg. Donieft wär de Papp och e Kniwweler gewiescht.

Attentater waren Exercice

Dem däitschen Historiker no wär d'Explosioun vun engem Chalet zu Buerschent en Exercice gewiescht an d'Attentater allgemeng e militäreschen Exercice.

Zu der Sprengfal um Aasselscheierhaff sot den Andreas Kramer, deemools wär déi den eegene Leit bal ëm d’Ouere geflunn; d'Fal hätt de Papp wuel vun der NATO kritt.

Zu den Attentater op d'Haiser Hellinckx a Wagner wär et komm, well sech héich Offizéier vun der Gendarmerie an d'Enquête agemëscht hätten.

Den Zeie sot och, hie géif näischt erfannen.

Parquet skeptesch

De Procureur Georges Oswald huet och um Mëttwoch nees gemengt, d'Aussoe vum Zeie wäre vill z’iwwerflächlech gewiescht.

Den däitschen Historiker wär awer als Zeien ze wichteg an hien, Georges Oswald, hätt zu allen Attentater, an déi de Papp soll verwéckelt gewiescht sinn, Froen.

Dofir sollt et zu enger weiderer Auditioun vum Historiker kommen, och wann dat eleng eng/zwou Wochen dauere géif.

Kramer weist op Däitschland an op d'Nato

Den Andreas Kramer sengersäits huet dem Geriicht suggeréiert, däitsch Zeien oder däitsch Involvéierter an d'Attentater ze héieren.

Säi Papp hätt och ëmmer d’Hoffnung gehat, de Fils géif Stay-behind-Agent ginn. Dozou sot den Andreas Kramer, Gladio/Stay behind hätt an Däitschland wuel op d’mannst bis 1994 bestanen a vläicht souguer bis haut.

A sengen Ae wär et och clever gewiescht, wann d'NATO-Positioun bezunn hätt zur Bommeleeër-Affär.

Kramer-Auditioun duerch PJ am Video

De Procureur Georges Oswald huet no der Paus d'Propos gemaach, den Zeie Kramer vläicht éischter vun der Police judiciaire ze héieren, wéi dass de Mann nach eng/zwou Wochen op d'Geriicht kënnt.

De Me Vogel war domat nëmmen d'accord, wann alles audiovisuell enregistréiert géif ginn.

D'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter war averstanen domat, sot allerdings, deen Enregistrement géif dono awer net an enger Sëtzung gekuckt ginn!

Wéi eng Credibilitéit huet den Zeien?

De Procureur Georges Oswald huet sech um 2. Dag vun der Auditioun dru ginn, de Personnage vum Zeien Andreas Kramer méi genee ze verstoen. Deen Zeien hat jo gesot, säi Papp hätt mat engem grousse Grupp vun däitschen an 10 Lëtzebuerger Stay-Behind-Leit d’Attentater hei zu Lëtzebuerg organiséiert an duerchgezunn.

Well den Zeien dat alles aus zweeter Hand vu sengem Papp weess, muss elo d’Credibilitéit vum Zeien a vu sengen Aussoen genee iwwerpréift ginn, sot de Procureur.

Fir d'Defense huet d'Maître Lydie Lorang jiddwer Versteesdemech fir de Procureur.

AUDIO: Bommeleeer: Me Lorang iwwer Procureur an Zeie Kramer
19ten Dag vum Bommeleeër-Prozess: Historiker um Préifstand
Um Préifstand am Bommeleeër-Prozess war haut den däitschen Historiker Andreas Kramer an deem seng deels brisant Aussoen iwwer d'Geheim-Arméi Stay Behind.
Den 18. Prozessdag
Me Vogel: Fréiere Premier Santer gouf Accord fir Participatioun vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht u Stay-behind-Exercicer. Domat hätt hien d'Chamber belunn.
Den Andreas Kramer
Extrait