Bommeleeër: Nei Spuren, nei Zeien an al Verdächteger

20. Dag am Prozess, op deem de Me Vogel d'Spur vum Italiener Licio Gelli an d'Spill bréngt, nodeems Stay behind vun engem Zeie responsabel gemaach gi war.
E Mëttwoch gouf den Zeien Andreas Kramer jo nach emol gehéiert. D'Geriicht huet decidéiert, hien an d'Hänn vun den Enquêteuren ze ginn. Den däitschen Historiker, deen ausgesot hat, säi Papp wier mat verantwortlech fir d'Attentater an hätt mat Stay Behind zu Lëtzebuerg zesummegeschafft, gëtt elo vun der Police judiciaire gehéiert. Dës Auditioune ginn audiovisuell enregistréiert, ier de Mann wuel nach eng Kéier als Zeie virun d’Riichtere kënnt!
Um Donneschdeg dann: De Me Vogel huet um Ufank vun der Sëtzung d'Spur vum Licio Gelli an d'Spill bruecht, iwwert déi RTL an der lescht informéiert hat. Dësen Italiener, Member vun der Geheimloge P2 a Grënner vu Gladio, dat heescht dem italienesche Stay behind, hätt 3 Joer zu Lëtzebuerg gelieft, eng Holding hei am Land gehat, wär vum SREL protegéiert ginn an hätt, wéi vun eis gemellt, och eng Sécurité-sociale-Kaart am Grand-Duché gehat.
Den Affekot vum Marc Scheer huet eng Enquête dozou gefrot.
Donieft sollt dem Me Vogel no e Mann gehéiert ginn, deen dem Zeien Andreas Kramer no eventuell vill iwwert d’Affär Bommeleeër wéisst.
De Policeenquêteur Carlo Klein ass dono op d'Spur Ben Geiben agaangen, déi 1998 erëm opgeholl gi wär. Zum Mann, deen ënnert anerem op der FBI-Akademie war, hätt et net vill Notize ginn; dobäi wär fréi vun engem Insider als Bommeleeër Rieds gaangen an 1985 schonn intern de Ben Geiben als Auteur vun den Attentater gehandelt ginn.
"Et war eis beschte Spur", hat de Sûretés-Chef Armand Schockweiler dann och erkläert.
Dass d'Enquêteure keen Dossier zum Ben Geiben presentéiert kruten, war dem Carlo Klein no ganz bedenklech, ënnert anerem wéinst dem Ben Geiben senge Geldschwieregkeeten, den Onstëmmegkeete mat senger Hierarchie a senger Demissioun op Grond vun Differenzen, am Oktober 1984, aus der Gendarmerie.
D'Polizisten hunn ënnert anerem VISAs-Extraite vum Ben Geiben mat Datumer vun den Attentater verglach: Deemno war kee VISAs-Extrait souwäit vum Grand-Duché ewech, dass de Ben Geiben net hätt kënne fir d’Attentater zu Lëtzebuerg sinn!
Fir den Enquêteur Carlo Klein soen déi VISAs-Extraiten awer net alles aus, well deemools nach keng Auerzäit dorop stoung. Virun oder no Attentater wär de Ben Geiben och an e bekannte Stater Café komm, an hien hätt z.B. um Dag vum Attentat op de Geriichtspalais an engem bekannte Stater Restaurant giess.
D’Homosexualitéit vum Ben Geiben war um Donneschdeg och e Sujet an dem Me Vogel no ass an deem Zesummenhank och eppes geschitt. De Ben Geiben wär nämlech net bei d’NATO komm, obwuel dee Wee virgezeechent gewiescht wär; vläicht hätt dat mat anere Problemer mam Parquet ze dinn.
Et kéint zum Deal komm sinn: Keng Poursuite géint de Ben Geiben, mä dofir geet hien, sou de Me Vogel. De Ben Geiben wär gär an der Gendarmerie gewiescht an hätt do d’Brigade mobile organiséiert.
Um Mikro vum Nico Graf sot fir d'Defense d'Maître Lydie Lorang, déi Zäit hätt keen homosexuelle Mann eng Clearance bei der Nato kritt.