De fréieren drëtte Mann am SREL, de Frank Schneider, hëlt den Deputéierte François Bausch op d’Geriicht, en matière civile. E wëll vill Suen.

De Frank Schneider wëll 35.000 fir moralesche Schued an eng hallef Millioun fir materielle Schued. An dat wéint den Declaratiounen an den Analysen, déi de Privatmann François Bausch op sengem Blog francoisbausch.com iwwer d’Geheimdéngscht-Affaire gemaach huet, an engem Artikel deen "SREL: der sichere Weg zum Totalschaden" iwwerschriwwen ass.

De Frank Schneider seet, wat doranner iwwer hien steet, dovunner wier näischt richteg.

De Frank Schneider huet um Freideg seng zweet Auditioun an der Enquête-Kommissioun SREL; hien ass gespaant, do gewuer ze ginn, wéi de François Bausch zu senge Conclusioune komm wier.

De François Bausch reprochéiert a sengem Blog dem Frank Schneider, hien hätt am Geheimdéngscht seng private Entreprise Sandstone quasi lancéiert, och mat Wirtschaftsmissioune vum SREL, an de SREL-Chef Marco Mille hätt dräi aktiv Männer - dorënner de Frank Schneider - net am Grëff gehat.

RTL

Reaktioun François Bausch
De President vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun François Bausch huet en Donneschdeg ganz geloossen op dem Frank Schneider seng Plainte géint hie reagéiert. Hie betount, datt hie keng Onwouerechte publizéiert huet an eng Partie Froen opgeworf huet. Säi Blog wier e politescht Instrument dat hien also kengeswees als Privatmann géif notzen.

De Frank Schneider, hëlt de François Bausch op d'Geriicht
De fréieren drëtte Mann am SREL, de Frank Schneider, hëlt den Deputéierte François Bausch op d’Geriicht.