Et war eng ganz laang Auditioun vum Zeie Frank Schneider um Freideg an der Enquête-Kommissioun Geheimdéngscht - à huis clos ...

... an herno wollt inhaltlech keen eppes soen. Et wier awer ganz interessant gewiescht, ass gesot ginn, wéi d'Mikroen aus waren, ouni weider Detailer.

De Frank Schneider, de fréieren drëtte Mann aus dem SREL, war herno zimlech midd. E sot, hien hätt bal keng Stëmm méi no den dräi Stonnen Auditioun.

AUDIO: Enquêtekommissioun: De Frank Schneider no senger Auditioun

De Rapporter vun der Kommissioun, de François Bausch, ass no 20 Minutten aus der Sëtzung fortgaang.

De Frank Schneider huet de gréngen Deputéirten jo ugesicht wéint sengem Internet-Blog iwwer d’Affaire.

Eenzel Memberen aus der Kommissioun hunn den Zäitpunkt vun där Publikatioun och kritiséiert.

Fir d’Auditioun um Freideg net onnéideg mat deem juristesche Konflikt ze belaaschten, huet de François Bausch du sengem Fraktiounskolleg Felix Braz fir Plaz gemat.

Hannert zouenen Dieren huet dee Mann, dee viru 5 Joer d'privat Sécherheets-Firma Sandstone gegrënnt huet, nach eemol missen 3 Stonne laang Ried an Äntwert stoen, well et zum Deel widderspréchlech Aussoe mat aneren Zeie gouf, déi nach an der Suite auditionnéiert gi waren.

Wéi geet et weider?

Och „à huis clos“ ass den nächsten Dënschdeg d'Auditioun vum fréiere SREL-Mann André Kemmer. Dee selwechten Dag ass och eng 1. Entrevue mam däitschen Expert a Biergerrecht-Aktivist Rolf Gössner.

Den Dag drop, also den nächste Mëttwoch, steet dann de Staatsminister Juncker virun den Deputéierte vun der Enquête-Kommissioun Ried an Äntwert iwwert d'Reform vum SREL.

D'Woch drop informéiere sech d'Deputéiert da beim franséischen Expert Bernard Carayon.