Eng Koppel soll de Prënz bei engem Attentat gesinn hunn a wier dono ënner Drock gesat ginn. - An et gouf lëtzebuergesch-däitsch Stay-behind-Exercicen.

Am Bommeleeër-Prozess ass um Méindeg eng nei Spur zur Sprooch komm, déi op de Prënz Jean weist.

Den Defense-Affekot Gaston Vogel huet eng Zeien annoncéiert, déi weess vun enger Koppel eelerer Leit, déi am Februar 1986 um Cents virum Attentat Hellinckx de Prënz Jean gesinn hätten, déi dat gemellt hätten an duerno ënner Drock gesat gi wieren ...

AUDIO: Bommeleeer: De Me Vogel iwwert d'Spur Prënz Jean.

De grousse Sujet am Prozess war awer um Méindeg weider d'Spur Geiben, déi vum fréiere Chef vun der Brigade mobile. Do war net festzestellen, wéi déi Spur opkomm ass a firwat se fale gelooss ginn ass.

D'Defense huet aus Bréiwer vum Ben Geiben zitéiert, wou deen e bëssen als Angeber an – no senger Demissioun – och als rosene fréiere Gendarme do steet.

Chronologie vum Méindeg

Um Ufank vun der Sëtzung vun e Méindeg de Mëtteg huet de Me Vogel nees zwou Konklusioune virgeluecht.

An där éischter geet dovu Rieds, dass eng eeler Koppel, déi um Cents net wäit vum Notaire Camille Hellinckx ewech gewunnt huet, zur Zäit vum Attentat op deem säin Haus de Prënz Jean do gesinn huet. D'Leit wären awer ënner Drock gesat ginn, fir näischt ze soen; an deem Zesummenhank sollt eng Fra, déi d'Koppel kennt, gehéiert ginn.

Donieft huet den Affekot vum Marc Scheer eng Informatioun vum däitsche Bundestag presentéiert, aus där ervirgeet, dass et gemeinsam Stay behind-Manövere gouf, mat Lëtzebuerger Participatioun.

Spur Ben Geiben

Viru goung et mat den Ausféierunge vum Enquêteur Carlo Klein iwwert d'Spur Ben Geiben, deen d'Gendarmerie verlooss hätt, wouropshin och eng Rëtsch Membere vun der Brigade mobile, dorënner déi zwee Beschëllegt, hirer Wee gaange wären.

De Ben Geiben selwer wär dono bei d’Sûreté gaangen an hätt bedauert, dass néideg BMG-Reformen net duerchgefouert goufen. 1984, no Problemer an der Gendarmerie, hätt hie seng Demissioun agereecht; zu där Zäit wär et zu Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Minister Krieps an dem Colonel Wagner komm.

De Ben Geiben, deen déi Zäit ugekënnegt huet, op e Poste bei der Nato ze verzichten, hätt dono eng Relatioun mat sengem Schwoer ugefaangen, wär fir d'éischt op Bréissel gaange bei eng Privatfirma an hätt dono zu Paräis eng Sécherheetsfirma opgemaach.

Geriicht: Spur do an dout

Am Kader vun den Ausféierunge vum Policeenquêteur huet d'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter ze bedenke ginn, dass kee Mënsch wéisst, wéi d'Spur Ben Geiben entstane wär; genee sou séier wär déi och dout gewiescht!

Den Enquêteur Carlo Klein sot weider, dass en Insider als Auteur vun den Attentater net huet däerfe sinn, wouropshin de Me Vogel erkläert huet, de Prënz Jean als Auteur hätt och net däerfe sinn!

D'Riichterin Sylvie Conter huet nach gefrot, ob d'Pist Geiben eventuell op eng illegal Ecoute vum Geheimdéngscht zréckzeféieren ass; dorop hat de Policeenquêteur keng Äntwert.

Fir de Carlo Klein ass ë.a. net kloer, wie mat der Spur Geiben koum a wéi de Ben Geiben driwwer informéiert ginn ass, dass hien observéiert gouf; hien hätt allgemeng ganz fréi Bescheed gewosst. D'Iwwerwaachung vum Ben Geiben wär ofgebrach an erëm opgeholl ginn; wéi hien an d’Belsch gefuer ass, war d'Observatioun eriwwer. Donieft gouf de Ben Geiben tëscht dem Attentat Heeschdref an deem op den EG-Sommet um Kierchbierg an engem Hotel um Kierchbierg gesinn.

VIDEO: Nei Zeien zum Attentat Hellinckx
Deemoleg Noperen vum Notaire hätten de Prenz Jean virun Attentat an de Paragen gesin an virun dono menacéiert ginn.
VIDEO: Suivi Enquête Ben Geiben
Et goung haut nees em den Ben Geiben, laang Zait Haaptverdächtegen am Bommeléer-Dossier.