No den 2 Rendez-vousen um Dënschdeg wëll d'Kommissioun um Mëttwoch een Tëschebilan vun den Aarbechten zéien.

D'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht vun der Chamber hat den Dënschdeg de Mëtteg direkt zwee Rendez-vousen, mat enger zweeter Auditioun vum fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer, déi Kéier hannert zouenen Dieren, a mat enger ëffentlecher Sitzung mam däitschen Affekot, Mënscherechtsaktivist a Geheimdéngschtkritiker Rolf Gössner.

Dee Rolf Gössner plädéiert derfir, Inlandsgeheimdéngschter ofzeschafen a hir Aufgaben der Police z'iwwerginn. D'Kommissioun huet jo decidéiert, eng Rei auslännesch Experten en Vue vun enger Reform vum SREL ëm hir Meenung ze froen.

Am fréien Nomëtteg hunn d'Deputéiert nach emol weider Explikatioune vum fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer héieren. Et géife verschidde Widderspréch bleiwen an et wier kloer datt op mannst ee vun den Zeie litt, sot duerno de Komissiounspresident Alex Bodry.

An: Den Dossier Stay Behind misst opgrond vun de rezenten Erkenntnisser deemno wéi nach emol traitéiert ginn. Hie kéint sech virstellen, datt d'Kontrollkommissioun eventuell en  Zousaz-Rapport kéint maachen. Donieft wëll d'Kommissioun weider Informatiounen iwwert d'Finanzen am Service de renseignement kréien.

Fir e Mëttwoch ass en Tëschebilan vun den Aarbechte virgesin an de fréiere SREL-Member a bis zu sengem Wissel an de Geheimdéngscht Chauffer vum Staatsminister Roger Mandé ass och zitéiert.

Am Prinzip kënnt de Roger Mandé och de Verbatim vu senger Auditioun ënnerschreiwen. Dat huet dee bis ewell nämlech nach net gemaach.

SREL-Enquêtekommissioun
Den Alex Bodry geet dovunner aus datt och den Stay-Behind-Dossier misst an enger Kommissioun ënnert d'Lupp geholl ginn.