Dat seet den däitsche Biergerrechtsaktivist Rolf Gössner, deen um Dënschdegmëtteg an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht als Expert gehéiert gëtt.

Am CarréRotondes hält den däitschen Affekot, Biergerrechtsaktivist a Vize-President vun der Internationaler Liga fir Mënscherechter Rolf Gössner en Dënschdegowend, op Invitatioun vun déi Lénk, e Virtrag zum Thema „Geheimdienste als Fremdkörper in der Demokratie?“.

Mam Mann, deen am Nomëtten och vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun Geheimdingscht als Expert gehéiert gëtt, huet sech den Eric Ewald iwwert d'Konferenz vun en Dënschdegowend ënnerhalen.

Fir de Rolf Gössner si Geheimdéngschter definitiv Friemkierper an enger Demokratie, well se demokratesche Prinzipie wéi z.B. der Kontroll widderspriechen.

AUDIO: De Rolf Gössner [1]

An Däitschland bräicht een den Inlandsgeheimdéngscht Verfassungsschutz net onbedéngt, seet de Jurist, an deem sengen Aen et a Geheimdéngschter nach ëmmer d'Frënd/Feind-Denke gëtt:

AUDIO: De Rolf Gössner [2]

Obwuel bei eisen Noperen eng Majoritéit vun der Populatioun dem Inlandsgeheimdéngscht skeptesch géintiwwer stéing, kéint deen awer gestäerkt aus senger aktueller Kris ervirgoen, genee wéi de SREL:

AUDIO: De Rolf Gössner [3]

Zu den Enquêten- a Kontrollkommissioune vun der Chamber war et dës Ausso vum Rolf Gössner:

AUDIO: De Rolf Gössner [4]

Aus eegener Initiativ kéinte sou Kommissioune kee Succès hunn, fënnt den Affekot. Besser ze kontrolléiere wär e SREL, wann d'Deputéiert zu all Zäit Accès an d'Gebai hätten an Agenten héiere kéinten. En Outsourcë vu Geheimdéngschtaktivitéiten da wär keng Alternativ.

D'Konferenz vum Rolf Gössner zum Thema „Geheimdienste als Fremdkörper in der Demokratie?“ fänkt en Dënschdegowend um 19h30 am CarréRotondes un. Den Entrée ass fräi.