Bréif vu franséischem Geheimdéngscht: Geiben "hors cause"?

Bommeleeërprozess, Dag 22: De Ben Geiben konnt Alibie liwweren, wéi hien 1986 vun der Lëtzebuerger Police gehéiert gouf, sou de franséische Geheimdéngscht.
De fréiere Chef vun de Brigade mobile, den éiweg verdächtege Ben Geiben, war en Dënschdeg am Nomëtten erëm de Sujet am Bommeleeër-Prozess. An do gouf et e seelenen Ament ...
... an zwar deen hei: Se waren sech alleguer eens: den Enquêteur Carlo Klein, d’ Riichterin, d’Defense – an esouguer de Procureur Georges Oswald. Deen huet zwee Fanger widder d'Stier geluecht an affirmativ mam Kapp gewénkt, d'Riichterin sot, "et ass net ze gleewen, datt se näischt gemat hunn", déi vum Geheimdéngscht nämlech, wéi am Land d’Bommen explodéiert sinn an d’Riichterin sot weider "et hätt ee jo missen iwwerleeën, ob se hir Pai sollten zeréckginn", wa se da wierklech näischt gemat hunn.
Unanimitéit op alle Säiten. Och wéi e Bréif, deen angeblech vum franséische Geheimdéngscht kënnt, gewise ginn ass.
Dee Bréif ass eréischt am Joer 1999 bei d’Enquêteure komm – op eng net ganz gekläerten Aart a Weis – en ass aus dem Oktober 1986 an et steet Onerhéiertes dran: Nämlech, datt de Ben Geiben an de Jore 85 a 86 dacks verhéiert gi wier an Alibie presentéiert hätt. Zwou fuschnei Informatiounen deemools fir d’Enquêteuren – an ob se wouer sinn oder net konnt ni gekläert ginn – huet awer wuel derzou gefouert, datt den Dossier frësch opgerullt ginn ass.
Mam Resultat, datt zwee Protokollen aus dem SREL opgedaucht sinn, wou e SREL-Agent beschreift, wéi déi ominéis Iwwerwaachung vum Ben Geiben den 19. Oktober 1985 fonctionnéiert oder eben net fonctionnéiert huet. Well de Ben Geiben war jo annoncéiert vu Bréissel an d’Stad komm an d’Bomm um Geriicht ass trotzdem explodéiert. An duerno war d’Spur Geiben miraculeusement dout – ouni datt eben deemools een nogefrot oder nei enquêtéiert hätt. An Amnesie générale bei allen héije Cheffe vu Gendarmerie a SREL iwwer dee Virgank.
Och do um Dënschdeg Kapprëselen op alle Bänken am Geriicht. Ob de Ben Geiben deemools d’Bomm gezünt huet oder net – dat ass nach ëmmer net gekläert. Kloertext gouf awer geschwat iwwer den deemolegen zweete Mann aus der Brigade mobile, de Jos Steil: Deen hätt intrigéiert a gelunn a manipuléiert. De Jos Steil ass haut quasi schëlleg gesprach ginn, vun en alleguer. Blouss: De Jos Steil ass verstuerwen. Wien awer nach lieft, si bal all seng deemoleg Cheffen a Kollegen – an déi sinn als Zeien op d’Geriicht geruff a kréien da vun alle Säite Froe gestallt an dësem Punkt - ça promet.
Chronik vum Dënschdeg
D'Riichterin Sylvie Conter huet um Dënschdeg de Mëtten um Ufank vun der Sëtzung bekannt ginn, dass de Ben Geiben dem Geriicht d'Informatiounen iwwer seng ganz Karriär matgedeelt huet.
Doropshin huet de Police-Enquêteur Carlo Klein erkläert, dass dee Mann, deen d'Ausso vum Ted Wormeringer iwwert de Ben Geiben eventuell confirméiere kéint, aus gesondheetleche Grënn net ka gehéiert ginn. Hie soll dem Geschäftsmann jo gesot hunn: "Ech hunn nach en zweeten Numm: Ech sinn de Bommeleeër", wat de Ben Geiben elo ofstreit.
Den Enquêteur ass weidergefuer mat den Ausféierungen zum Ben Geiben.
An deem Kontext koum et 2003 zu Perquisitiounen, wouvun déi beim SREL héich Welle geschloen hat. Dobäi goufen awer ë.a. nëmmen eng Microfiche a Slidë fonnt. Op deene Leschtgenannte goung vun enger Revanche géint de Staat a vun economesche Motivatiounen als Grond fir d’Attentater Rieds. Autoriséiert Ecoutë vum Ben Geiben hätt et och net ginn.
Aus engem Rapport vum franséische Geheimdéngscht geet ervir, dass de Ben Geiben op Grond vun engem Desaccord mat senge Chefen demissionéiert hätt. An deem Schreiwes geet och dovu Rieds, dass de Ben Geiben 1986 vun der Lëtzebuerger Police gehéiert gi wär, dass hien dunn Alibien hätt kënne liwweren an dass hien domat "hors cause" wär.
De Me Vogel huet doropshi gemengt, de SREL wär dofir responsabel, dass dem Ben Geiben ni eppes geschitt ass.
De Carlo Klein huet als Fazit vun de Perquisitioune festgehalen, dass et keen Dossier Ben Geiben gouf. 2004 hätt een dunn awer op Grond vun enger Astuce vum SREL Informatioune kritt iwwert d'Observatiounen.
Wat d'Observatioun vum Ben Geiben am Oktober 1985 hei am Land ugeet, sot den Enquêteur vun der Police, dass et an deem Zesummenhank eng Rëtsch falsch Informatioune vum Jos Steil gouf.
Dem Carlo Klein no soll de Ben Geiben vun der SREL-Observatioun op hie gewosst hunn! Fir den zoustännege Mann vum Geheimdéngscht wär dat eng eemoleg Aktioun gewiescht, an et wär och net zu engem Debriefing komm.