Fir de 4. Dag noeneen huet de Policeenquêteur Carlo Klein Ausféierunge gemaach zum Ben Geiben.

De Me Vogel huet an deem Kontext d'Fro gestallt, ob den deemolege Procureur général Wampach gesot hätt: Mir haten eng Jorhonnertaffär; mir brauche keng aner!

Den Enquêteur huet erkläert, hien hätt eppes an deem Sënn héieren, vun engem Polizist.

Fir de Me Vogel deit dat op e komplette Sabotage duerch de Parquet hin. Och wär de Procureur adjoint Hary ee vun de beschte Frënn vum Ben Geiben gewiescht.

Dem Carlo Klein no huet sech de Ben Geiben och um Parquet iwwer seng Observatioun beschwéiert. Donieft war et d'Decisioun vun der Hierarchie, fir Rapporten iwwer Observatiounen un Enquêteuren oder d'Untersuchungsriichtere weider ze ginn.

Op d'Remarque vun der Me Lorang, si géif d'Logik vun där Observatioun net verstoen, huet d'Riichterin Sylvie Conter geäntwert, et wär net ganz kloer, wou d'Logik an där Observatioun oder an deem Dossier war!

Den Enquêteur huet nach ervirgestrach, dass iwwer en Insider als Auteur vun den Attentater intern net haart geschwat gouf. Doropshin huet de Procureur Georges Oswald festgehalen, dass de Pierre Reuland, Nofolger vum Ben Geiben als Chef vun der Brigade mobile, der Ausso vun engem Enquêteur no Bescheed wosst iwwert d'Observatioun vum Ben Geiben.

Me Vogel: Hiwäis op Sabotage duerch de Parquet
Fir de 4. Dag noeneen huet de Policeenquêteur Carlo Klein Ausféierunge gemaach zum Ben Geiben.