Enquêtekommissioun: SREL-Leit ginn nach eemol geruff

Suite um Mëttwoch vun den Aarbechten an der Chamber-Enquêtekommissioun Geheimdéngscht.
De fréiere SREL-Member Roger Mandé huet endlech de Verbatim vu senger Auditioun mat e puer klengen Ännerungen ënnerschriwwen. D’Kommissioun huet dann decidéiert, fir de fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille, den aktuellen Direkter Patrick Heck an de laangjähregen Directeur adjoint nach emol respektiv iwwerhaapt emol ze héieren.
De Kommissiounspresident gesäit a priori keng Urgence, eenzel Informatiounen direkt un de Parquet weiderzeginn. Den Alex Bodry krut d’Mandat, sech an deem Punkt mam Parquet ofzeschwätzen. Et schéngt drop erauszelafen, datt d’Enquêtekommissioun d’Protokoller vun den Auditiounen wann, dann en bloc virugëtt.
Déi parlamentaresch Kontrollkommissioun fir de Geheimdéngscht huet um Mëttwoch hiren Aktivitéitsrapport fir d’lescht Joer ofgeschloss.
Bekanntlech goung et déi leschte Méint vill iwwer Bommeleeër a Stay Behind, et goung awer och ëm eng illegal Ecoute: de fréiere Chef vum Geheimdéngscht hat jo e Gespréich mam Premier Jean-Claude Juncker mat enger spezieller Auer opgeholl.
Wat eng weider Ecoute ugeet, nämlech vun engem Gespréich tëscht dem Groussherzog an dem Premier, ass d’Kommissioun e klenge Schratt weiderkomm. Eng CD konnt décryptéiert ginn mam Resultat: op där CD ass e grousst Bild mat enger Gréisst vun 113 Megabyte. Wat op deem Bild ze gesinn ass, gëtt net weider am Rapport präziséiert, ma de Lëtzebuerger Geheimdéngscht schafft weider zesummen mat engem auslännesche Geheimdéngscht, fir u weider Detailer ze kommen: et gëtt nämlech gekuckt, op e „Message stéganographique“ an deem Bild verstoppt ass. Dat héiert sech komplizéiert unn, heescht awer näischt aneschters, ewéi datt an engem éischte Message en Zweete kéint verstoppt sinn.
De Parquet kritt elo eng Copie vun dëser CD.