SREL huet Regierung 2006 iwwer Stay-behind-Theorie gebrieft

No Infoe vun RTL hat de SREL eng Analys iwwer d'Bommeleeër gemat a war zur Conclusioun komm, e Reseau vu stay-behind wier responsabel fir d'Attentater.
Déi Analyse kruten den deemolege Justizminister Luc Frieden an de Premier Jean-Claude vun 3 SREL-Leit am Januar 2006 presentéiert. Wahrscheinlech ass dee Briefing och heemlech enregistréiert ginn.
De fréiere President vun der cour des comptes de Gerard Reuter huet eis confirméiert, datt hien op Käschte vum SREL eng Wunneng zu Bascharage huet an datt elo dem fréiere SREL-Mann Frank Schneider seng Firma Sandstone, dee Loyer bezilt.
De Gerard Reuter confirméiert och d'Stay-behind-Analyse. Déi Zäit, wéi hien nach d'Konte vum SREL kontrolléiert huet, hätte se do ëmmer gesot, de CIA wier fir d'Bommenattentater responsabel.
De Gerard Reuter confirméiert och, datt de P2-Loge a Gladio-Member, de rietsextremen Terrorist Licio Gelli, ugangs der 80er Joer am Land war.
Erklärunge vum Nico Graf
Et ware Stay-behind-Leit déi responsabel sinn fir d'Bommenattentater aus den 80er Joer. Déi Analyse hat de Geheimdéngscht, de SREL, gemat an huet dat ugangs 2006 der Regierung matgedeelt.
Januar 2006 – am Staatsministère sëtze 5 Leit beieneen a schwätzen, méi genee: dräi Leit vum SREL – de Marco Mille, de Frank Schneider an den André Kemmer – si briefen zwee Ministeren, de Premier Jean-Claude Juncker an den deemolege Justizminister Luc Frieden.
Et geet an der Haaptsaach ëm Dokumenter, déi op obskur Weeër an de Geheimdéngscht komm sinn a se goufen do exploitéiert. Et geet ëm de Gerard Reuter, de fréiere President vun der cour des comptes an et geet vill ëm Schwaarzgeld-Geschichten an ëm Blanchiment, ëm Escroquerie mat Tarn-Gesellschaften, ëm faraminös Sommen – an ëmmer transitéiert alles iwwer Lëtzebuerg, läit hei a Banken, Leit kommen net méi drun, anerer wëllen dru kommen, de Congo spillt eng Roll an de Benin a villes leeft iwwer Bréissel an och iwwer komesch Logen.
An um Enn vun der Séance seet de Jean-Claude Juncker: Marco explizéier dann emol a 4 Minutten dem Luc deng Bommeleeër-Theorie. Dem Marco Mille seng Explicatiounen fir de Luc Frieden daueren awer net e puer Minutten, mä eng hallef Stonn. A wat een doriwwer héiert, dat ass schwéier interessant: et leeft - an engem Saz – drop eraus hard-liner aus dem Stay-behind hätten d'Bommenattentater organiséiert an duerchgezunn.
Et ass bekannt, datt de fréiere SREL-Mann Frank Schneider vum Marco Mille den Optrag kritt hat, den Dossier Bommeleeër opzeschaffen a besonnesch de Rôle vum deemolege SREL ze analyséieren. De Marco Mille huet wuel dem Frank Schneider seng Erkenntnisser presentéiert. Et geet riets vun 3 Stay-behind-Reseauen, an een dervun wieren d'Bommeleeër gewiescht. Wéi gesot, dee Briefing war am Januar 2006, d'Instructioun Bommeleeër war nach voll am gaang.
En Dënschdeg, no der Auditioun vum André Kemmer, sot de President vun der Enquête-Commissioun SREL, den Alex Bodry dëst:
Alex Bodry: Ob mer net och mussen deelweis awer den Dossier vum Stay-behind rëm opmaachen... lo sinn awer eng Rei vun Informatioune komm, och haut sinn nach zousätzlecher dobäi komm.
Et mengt ee grad, d' Enquête-Commissioun hätt vum Bommeleeër-Briefing tëschent 3 SREL-Leit an 2 Ministeren am Januar 2006 héieren.
Mee zeréck bei de Gérard Reuter. Dee war President vun der cour des comptes an ass an deeër Qualitéit och beim SREL an- an ausgaang, huet d' Ecouten missen autoriséieren an huet d'Finanze vum SREL kontrolléiert. De Gerad Reuter confirméiert haut dem SREL seng Stay-behind-Theorie, fléckt awer d' Wuert CIA un:
Gerard Reuter: Gitt lo uecht wat ech lo soen...Déi Zäit ass gesot ginn, datt do wahrscheinlech d'CIA géif eppes an Europa gär ënnerhuelen, nodeem datt si anscheinend zu Bologna schonn déi ënnerholl haten, datt d'CIA eppes misst opriichten iwwerall, datt déi Angscht, datt de Kommunismus sech géif méi ausbreeden... dat ass alles wat ech do gesot krut déi Saachen... datt de Kommunismus amgaangen ass sech auszebreeden, datt do ierjendwéi eng Struktur géif bestoen oder misst bestoen, déi do géif d'Leit e wéineg gewinnen un esou Detonatiounen an sou Saachen, sou datt d'Leit amfong géife vill méi dofir suergen, datt nëmme keen, net weider de Kommunismus sech géif hei installéieren.
Wien CIA a Stay-behind seet, dee seet och Gladio. An och mat deem terroristeschen, rietsextreme italienesche Reseau huet de Gerard Reuter vaguement ze dinn. Den ominöse Loge-P-2-Grënner a Gladio-Member Licio Gelli oder säi Fils hat sech wéint obskuren Geldplacementsgeschichten bei him gemellt an de Gerard Reuter weess genee, datt de Lico Gelli am Land war; am Geheimdéngscht huet hien gesot kritt...
Gerard Reuter: … datt deen Här Gelli do enges guddes Dags aus der Schwäiz geflücht ass, oder geflücht ginn ass, oder dat war net sou kloer, mä datt en hei an de Mamer Wisen eng Kéier owes um 18 Auer mat engem gréngen Helikopter gelant ass.
De Gerard Reuter, en héije Magistrat, hat Enn der 90er Joer op eemol eng obskur Affär mat ville Voleten um Hals. Anscheinend war un de Reprochen näischt drun, oder net genuch; de Gerard Reuter ass haut wuel finanziell schlecht drun.
An dee Mann, dee vill weess, huet dowéinst mat Wësse vun der Regierung op Käschte vum Geheimdéngscht gewunnt a confirméiert, datt elo dem Frank Schneider seng Entreprise Sandstone dee Loyer bezillt.
Gerard Reuter: Wéi den Här Schneider, den Här Kemmer, déi fortgaange sinn, du si si bei onse Premier gaangen, an den Här Juncker huet da gesot, ma dann huelt dir déi Obligatioun mat. Mir hunn iech jo 1 Millioun...si hu jo och eng Millioun kritt duerch de Staat.. Sandstone ne...an hei an do... gutt Prêten...dat ass wéi se gesot kruten, huelt dir déi Obligatioun mat.
Nico Graf: Wourëm geet et do genee?
Gerard Reuter: Dat geet ëm de Loyer … Si bezuelen de Loyer...
Nico Graf/Marc Thoma: Vun Ärer Wunning zu Bascharage?
Gerard Reuter: Jo
De Gerard Reuter betount awer och, hie wier op déi Manéier net roueg ze halen an hie giff net de Mond hale, nëmme well säi Loyer vun interesséierter Säit bezuelt gëtt.
Am Resumee: no SREL-Analysen aus dem Joer 2006 ginn d'Bommenattentater op de Kont vum Stay-behind. Zwee Ministere kruten dat am Januar 2006 gesot. D' Justiz ass vun deem Briefing näischt gewuer ginn. Dat kann awer vläit nogeholl ginn, well anscheinend ass dee Briefing matgeschnidden, enregistréiert ginn. Déi faméis Spionage-Auer an de richtegen - mat der Auer connectéierte Laptop - waren am Raum, wéi de Quintett vun zwee Ministeren an dräi SREL-Leit zesumme war.