No Revelatiounen: Reuter, Ministeren a SREL-Leit gi gehéiert

De Me Vogel huet um Donneschdeg um Ufank vum 24. Dag am Bommeleeër-Prozess d'Informatioune vun RTL virgedroen.
Den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer huet gefrot, de Verbatim vun der entspriechender Auditioun vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun ze kréien an de Gérard Reuter als Zeien ze héieren.
De Me Vogel huet bedauert, dass déi respektiv Untersuchungsriichter 2005/2006 net doriwwer informéiert goufen an dass de Parquet deem Dossier keng Wichtegkeet bäigemooss hätt.
D'Me Lorang huet hirersäits regrettéiert, dass d'Parlament déi Informatiounen net direkt weider ginn huet! De Me Vogel huet du gemengt, dass, wann de Volet Stay behind d'nächst Woch dru kéim, dee Moment Ministeren, Geheimdingschtleit an de Gérard Reuter misste gehéiert ginn.
D'Riichteren hu sech doropshi fir eng Berodung zréckgezunn an decidéiert, sou wéi d'Presidentin Sylvie Conter et matgedeelt huet, dass de Parquet dee Verbatim sollt froen. Den Dossier Stay behind kéim wuel vun e Mëttwoch un zur Sprooch; dee Moment sollten och no an no d'Zeie Gérard Reuter, d'fréier SREL-Leit Marco Mille, André Kemmer a Fränk Schneider an d'aktuell a fréier Ministere Jean-Claude Juncker, Luc Frieden a Jacques Santer gehéiert ginn!
No der Stay-behind-Opreegung ass et um Geriicht wéi gewéinlech an de leschten Deeg weidergaang. Den Enquêteur Carlo Klein huet de Rapport gemat iwwer d’Spur vum fréiere Brigade-mobile-Chef Ben Geiben. D’Stéchwierder sinn do ëmmer déiselwecht: Homosexualitéit als Kënnegungs-Motiv a Revanche an Oprüstung als Tatmotiv.
Méi interessant war schonn eng Commission rogatoire internationale op Bréissel vum Gendarmerie-Offizéier Schockweiler a vun 3 Ënneroffizéier, eng Rees, déi total schif gaang ass. Den Offizéier Schockweiler huet sech komesch beholl, d’Ënneroffizéier ware fir näischt op Bréissel gefuer, wou jo de Ben Geiben gewunnt huet a sollt vun de Belsch observéiert ginn.
De Weekend huet elo ugefaang am Prozess. Hannert de Kulissen awer gëtt fir déi nächst Woch un der Piste Stay-behind-Gladio geschafft.