E Méindeg soll sech d'Enquête-Commissioun SREL konkret mat den neien Informatiounen iwwer en zweet Geheimdéngscht-Archiv am Schlass zu Senneng beschäftegen

Am Schlass zu Senneng ginn et Microfichen, op deenen di wichteg Deeler vum alen Archiv drop sinn, dat hat de Radio 100,7 gemellt. Di Kopië si geduecht zum Beispill fir de Fall, datt et am offiziellen Archiv op der Escher Strooss géing brennen.

Allerdéngs gouf d'parlamentaresch Enquêtekommissioun net iwwer d'Microfichen zu Senneng informéiert, sou datt während der Geheimdéngschtaffär just den Archiv op der Escher Strooss versigelt gouf.

Och d'Justiz ass net iwwer Senneng an d'Bild gesat ginn, wat am Kader vun der Enquête an der Bommeleeër-Affär problematesch ass. Et stellt sech nämlech d'Fro, ob et zu Senneng net vläit Dokumenter ginn, di haut net méi am offiziellen Archiv ze fanne sinn.

De President vun der Kommissioun, den Alex Bodry, huet esou reagéiert:

Alex Bodry: Dat ass eng Informatioun déi mir net hunn. Dofir hunn ech och elo decidéiert als President fir d'Kommissioun fir e Méindeg fir eng extra Sëtzung zesummenzeruffen, fir ze kucke wéi mir mat där doten Informatioun elo viru ginn... wat déi Schrëtt sinn, déi mir eventuell an d'Wee leeden... respektiv gläichzäiteg wollt ech och d'Kommissioun informéieren iwwert d'Resultat vun den Telefonsgespréicher déi ech hat mat der Staatsanwaltschaft, der Madame Woltz an och mam Här Oswald an dass mer gemeinsam an dass mer gemeinsam als Kommissioun decidéieren wéi mer och elo weider verfueren, wat d'Rausginn vun Dokumenter, respektiv Protokoller vun Zeienaussoen ugeet, déi mir am Kader vun eiser Enquêtekommissioun kritt hunn.

AUDIO: Den Alex Bodry reagéiert

D'DP hat e Freidegmoie schonn an engem Communiqué gefuerdert, en eventuellen Archiv zu Senneng misst haut nach versigelt ginn. Dat wier technesch net esou séier méiglech sot eis den Alex Bodry.

Deen och op eng aner Kritik reagéiert: En Donneschdeg hate mir jo d'Informatioun bruecht, déi herno och am Bommeleeër-Prozess eng Roll gespillt huet, datt dräi SREL-Leit d' Ministeren Frieden a Juncker iwwer hir Stay behind-Piste an deem Dossier informéiert haten. Am Prozess gouf et dunn Kritik, datt d'Aussoe vum Frank Schneider a vum André Kemmer net direkt un de Prozess weider goungen. Esou éier geet dat eben net, sot den Alex Bodry, mä de Verbatim vun den Auditiounen vun de fréieren Geheimdéngscht-Leit Frank Schneider an André Kemmer giff – och mat Sonnerschichten iwwer de Weekend – esou séier wéi méiglech getippt ginn, fir datt déi Texter am Bommeleeër-Prozess kënne virgeluecht ginn.

Den Alex Bodry wonnert sech e bëssen iwwer déi neiste Bommeleeër-Aussoen, ausgerechent an der SREL-Kommissioun.

Alex Bodry: Et ass opgefall, dass, obwuel dat net direkt d'Fro war, op eemol awer mol Aussoe gemaach ginn zur Bommeleeër-Affär, wou den Här Schneider net weider an Detailer gaangen ass... den Här Kemmer bëssi méi Detailer ginn huet iwwer seng Theorie... wou en d'Theorie geäussert huet, dass kéint do de Stay behind hannendru stoen.

Egal wéi opfälleg stënterlech déi Aussoen elo koumen: all déi Concernéiert sinn jo elo als Zeien an de Prozess geruff ginn.

2. geheime SREL-Archiv am Sennénger Schlass
Et vergeet bal keen Dag ouni dass nei brisant Detailer ronderëm d'Bommeleeëraffär an d'Aktivitéiten vum lëtzebuerger Geheimdengscht op d'Tapeit kommen.