Am Kontext vun den Aussoe vum Enquêteur Carlo Klein iwwert d'Spuer Ben Geiben huet de Me Vogel de Polizist gefrot, ob de Ben Geiben Member vum SREL war.

Um Ufank vun der Sëtzung vum Méindeg huet de Me Vogel eng Perquisitioun zu Senning gefrot an eng Saisie vun de Microfichen do. D'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter huet doropshin erkläert, genee dat ordonnéiert ze hunn: Déi Perquisitioun/Saisie géif de Moment lafen! Um Bord vun der Sëtzung huet de Me Vogel och nach d'Demissioun vum Alex Bodry, President vun der Enquêtëkommissioun Geheimdingscht, gefrot, well den LSAP-Politiker zanter Dezember vun engem zweete SREL-Archiv zu Senning wéisst, déi Informatioun awer net weider geleet hätt.

AUDIO: Me Vogel a Me Lorang

Am Zesummenhank mat den Ausféierunge vum Police-Enquêteur Carlo Klein iwwert d'Spuer Ben Geiben huet de Me Vogel de Polizist gefrot, ob de Ben Geiben Member vum SREL war. Donieft war et d'Fro vum Affekot vum Ugeklote Marc Scheer un de Carlo Klein, ob de Grënner vun der Brigade mobile vläicht vum Geheimdéngschtchef Charel Hoffmann protegéiert gouf, respektiv vum deem sengem Chef, dem deemolege Premier Jacques Santer.

Den Enquêteur vun der Police sot, weder fir de Jos Steil, nach fir de Ben Geiben géif et sou Indikatioune ginn; hie géif awer näischt ausschléissen! Op d'Fro vun der Riichterin Sylvie Conter, ob de Ben Geiben an de Charel Hoffmann zesumme bei der Arméi waren, huet de Carlo Klein geäntwert, si wären op d'mannst zesummen am Pentagon gewiescht! Gutt Relatiounen zum Charel Hoffmann ze hunn hätt och bedeit, gudder zum SREL ze hunn, sou de Carlo Klein.

Wat de Charel Hoffmann ugeet, sou hätt de Chef vum Geheimdingscht ausgesot, dee wär net an d'Bommeleeër-Enquête agebonne gewiescht. Informatiounen hätt een am SREL just iwwert d'Gendarmerie an d'Police kritt, méi konkret vu Leit, déi mol fir de Geheimdingscht geschafft hunn; Gendaarmen hätte si awer mol ëm Hëllef gefrot. De Charel Hoffmann hätt och erkläert, net ze mengen, dass de Geiben eppes mat den Attentater ze dinn hätt.

Dem Enquêteur Carlo Klein no hätt de Charel Hoffmann och ausgesot, sech net agemëscht ze hunn. De Polizist huet, wat d'Suite vum Prozess betrëfft, nach präziséiert, dass de Volet Geiben nach dës ganz Woch géif an Usproch huelen; deemno gëtt sech fréistens vun e Méinden u mam Volet Stay behind beschäftegt!

No der Sëtzungspaus huet de Parquet e Schreiwes virgeluecht, dat en am fréien Nomëtte krutt. Doraus geet ervir, dass de Geheimdingscht-Chef Patrick Heck Fichen a Microfichë fräi gëtt (ë.a. iwwert de Licio Gelli) an dass de fréiere Chauffeur vum Arméi-Colonel Armand Bruck aussot, dee wär virum Attentat zu Beideler uechtert d'Land Masten inspizéiere gaangen!

Prozess Bommeleeër: Ex-Geheimdéngscht-Chef am Fokus
Am Prozess Bommeleeër ass et haut nees em de groussen Dossier Ben Geiben gaang an domadder och ëmmer méi em de fréiere Chef vum Geheimdéngscht Charlel Hoffmann