Den Alex Bodry wosst iwwert en 2. SREL-Archiv zu Senneng. De Maître Vogel huet seng Demissioun gefrot an d'Geriicht huet eng Perquisitioun ordonnéiert.

D’SREL-Enquêtekommissioun huet sech um Méindeg op Senneng deplacéiert, fir sech deen 2. Archiv vum Geheimdéngscht unzekucken.

Et soll sech jo dobäi ëm ee Back-up vum Original-Fichier vum SREL handelen, mat ale Microfichen a Filmer, sou de President vun der Enquêtekommissioun Alex Bodry. De leschten Inventaire wier 2006 gemaach ginn, déi lescht mise à jour vun de Fichë schonn 1992.

Bei dëser Visite huet sech erausgestallt, datt den Direkter vum SREL Patrick Heck dem Alex Bodry scho virun enger Zäit inoffiziell Bescheed gesot hätt, datt et sou ee Back-up zu Senneng géif ginn an dat weder de Patrick Heck nach den Alex Bodry där Saach awer no gaange wieren.

E Freideg hat de President vun der Kommissioun, den Alex Bodry, awer nach esou reagéiert:

"Dat ass eng Informatioun déi mir net hunn. Dofir hunn ech och elo decidéiert als President fir d'Kommissioun fir e Méindeg fir eng extra Sëtzung zesummenzeruffen, fir ze kucke wéi mir mat där doten Informatioun elo viru ginn..."

Doropshin huet de Maître Vogel um Bord vun der Sëtzung vum Bommeleeër-Prozess vun e Méindeg och nach d'Demissioun vum Alex Bodry als President vun der Enquêtëkommissioun Geheimdéngscht gefrot, well den LSAP-Politiker zanter Dezember vun deem zweete SREL-Archiv zu Senneng wéisst, déi Informatioun awer net weider geleet hätt.

AUDIO: De Maître Gaston Vogel

Um Ufank vun der Sëtzung huet de Me Vogel och eng Perquisitioun zu Senneng gefrot an eng Saisie vun de Microfichen. D'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter huet doropshin erkläert, genee dat ordonnéiert ze hunn: Déi Perquisitioun/Saisie géif de Moment lafen!

2.SREL-Archiv: G.Vogel fuedert Demissioun vum A.Bodry
De President vun der Enquêtekommissioun wosst scho méi laang Bescheed iwwert den Archiv am Sennenger Schlass.