Frieden: Fréiere Justizminister weist 100,7-Aussoen zréck

De Minister Luc Frieden hätt an der Zäit, wéi hien nach d'Justiz ënnert sech hat, bei der Justiz derfir plädéiert, d'Enquête Bommeleeër zouzemaachen.
Mat där Noriicht koum an der Mëttesstonn de sozio-kulturelle Radio.
An deem Reportage gouf dem Minister ënnerstallt, hien hätt op d'mannst theoretesch probéiert, als Politiker Afloss op d'Justiz ze huelen. Dat si schwéier Virwërf! Wat ass do drun? De Guy Kaiser huet viru Minutte mam Minister geschwat, deen um Méindeg fir eng Aarbechtsvisite zu London war.
De Luc Frieden seet sech erstaunt. Déi Accusatioune wiere komplett aus der Loft gegraff. Hien hätt deemols mënschlech schwéier Decisioune mussen huelen, wéi hien de Police-Chef ofgesat an 2 Poliziste suspendéiert hätt. Et wier och dat normaalst vun der Welt, datt de Minister an esou Fäll mam Procureur géing Récksprooch halen.
Et misst een an dësem Dossier virukommen, mee och an anere méi rezenten Dossieren. Esou hätt hien zu där Zäit ëmmer gesot. De Luc Frieden sot weider, hien hätt d'Aarbecht vun der Justiz ëmmer ënnerstëtzt.
De Minister ass net frou, wann esou Saachen géifen an d'Welt gesat ginn; et géing an der Haaptsaach drëm goen, allgemeng der Politik ze schueden