Colonel Bruck: Bommeleeër oder gudden Zaldot?

De Colonel Bruck huet ugangs 1984 eng Géigend inspizéiert, wou kuerz drop zwou Bommen explodéiert sinn.
Dat steet an engem Bréif, deen en Zaldot dem Geheimdéngscht geschéckt huet an deen huet et un d'Geriicht, un de Bommeleeër-Prozess, weiderginn.
Rippeg am Norden, Brouch am Osten an Beideler am Westen – dat ass den Dräieck, seet de fréieren Zaldot, wou de Colonel Armand Bruck op Reconnaissance miltaire ënnerwee war, eng Kéier am Dag an zweemol an der Nuecht. An et ass exakt an deem Dräieck, wou déi éischt zwou Bommen den 30. Mee an den 2. Juni 1984 explodéiert sinn.
Den Armand Bruck war bis en 13.5. 84 Chef um Härebierg an ass dunn Commandant vun der Arméi ginn. Als Instructiouns-Chef am Härebierg huet hien also den Dierfer-Dräieck inspizéiert.
An do gëtt et nëmmen zwou Hypothesen. Entweder den Armand Bruck war e Bommeleeër oder awer hien war e gudden Zaldot, dee säi Land verteidegt huet. Huele mer deen zweete Fall un – wat logesch ass, vu de Personnage – da muss een och unhuelen, datt hie gewarnt war. An zwar gewarnt, datt do e Stay-behind-Manöver, en Exercice, en Training giff virbereet ginn. An do war jo déi fundamental Suppositioun ëmmer dës: de béisen Ennemi – d' Kommunisten – hunn d'Land besat an de Stay-behind-Reseau mécht Resistance, infiltréiert an exfiltréiert Leit, hält Kontakt mat der Regierung am Exil – a mécht Sabotage-Akten géingt d'Infrastruktur vum Ennemi. Deen Ennemi wiert sech. An dësem Fall also déi regulär Arméi, déi amplaz vun de Russen um Terrain ass. An de Stay-behind-Reseau muss seng Force de frappe weisen. An dësem Fall mat Succès, well zu Beideler hunn se et zweemol fäerdeg bruecht, eng Bomm ze leeën ouni erwëscht ze ginn.
A sengem Bréif un de Procureur seet de SREL-Chef Patrick Heck d'Reconnaissance-Actiounen vum Colonel Bruck wieren och dowéint esou interessant, well deen e gudden alen Arméi-Kolleg vum Ben Geiben wier, dee jo just virun de Bomme-Joeren d'Brigade mobile gegrënnt hat. De Colonel Bruck wier et gewiescht, deen de Ben Geiben iwwerzeegt hätt, Offizéier ze ginn. Deeselwechte Ben Geiben ass iwwregens nom zweeten Attentat op Beideler komm, obschonns hien do guer näischt ze sichen hat. Dat ass deemools den Enquêteuren op der Plaz opgefall. An ee vun deenen Enquêteuren sot Wirtsleit aus der Géigend, dat do wier wuel net déi éischt Bomm gewiescht, et kéimen der wuel nach méi. An nach eppes war opfälleg zu Beideler: d'Bommeleeër haten all Zäit vun der Welt, hunn virun an nom Attentat d' Géigend observéiert, wéi se wollten.
Wéi een et och dréit oder kéiert: eent ass kloer: no der Ausso vun deem Zaldot sinn d'Bommenattentater definitiv am Militärkader ze gesinn, méi genee am Kader vun den Ösling-Manöveren, déi wuel och hei am Land méi muscléiert ausgedroen gi sinn.
Net ze vergiessen: 14 Deeg virum Beideler Attentat ass zu Vielsalm, während dem Ösling-Manöver, schaarf geschoss ginn. Aus de Stay-behind-Exercicen ass eben heiansdo bluddegen Eescht ginn.
En Enquêteur huet eis vun RTL am November 2006 gesot, de Colonel Bruck hätt 1985 gesot „Si sinn aus eise Reien“, d'Bommeleeër nämlech.
De Colonel Bruck wosst also vill, hien ass iwwregens verstuerwen, mä seng Kollegen a seng Zaldote liewen nach.