D’SREL-Enquêtekommissioun huet elo decidéiert fir dem Geriicht d’Protokoller vun den Auditioune vun André Kemmer a Fränk Schneider zoukommen ze loossen.

Dat war eng schwiereg Decisioun huet de President Alex Bodry um Dënschdeg ze verstoe ginn, well déi Auditiounen à huis-clos waren. Domat geet een u sech méi wäit wéi een dierft, mä et wollt ee sech d’Kritik net gefale loossen, dass een der Justiz net wéilt hëllefen.

D’Kommissioun huet ee franséischen Expert a Saache Geheimdéngschter gehéiert a géint 16.00 Auer ass se nach eemol an d’Schlass vu Senneng gefuer.

D'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht huet sech de ee Bild vum backup-Archiv vum Geheimdéngscht gemaach, wat am Schlass zu Senneng ass. Un Hand vu Stéchprouwe gouf festgestallt, dass am Archiv zu Senneng Fichieren drasinn, déi am Keller zu Gaasperech net fonnt goufen.

Wat dat bedeit ass schwéier ze soen huet den Alex Bodry betount.

Hie stellt sech d’Fro ob den Opwand sech lount fir déi 2 Archiven elo genee ze vergläichen, schliisslech geet et ëm dausende Fichen. Dobäi wéisst ee guer net wat um Enn bei där Recherche erauskënnt.

Dëst Archiv ass zanter e Méindeg duerch d'Geriicht versigelt an d'Kommissioun huet trotzdem dierfen eran.

SREL-Enquêtekommissioun: Zukunft ongewess
Well et emmer méi Interferenzen mam Bommeléer-Prozess gett, freet sech d'Enquêtekommissioun, wéi hier Arbecht soll weidergoen.