Den M. Mille behaapt, 2006 an 2008 mam R. Biever iwwer d'Implikatioun vu Stay behind an d'Bommenattentater geschwat ze hunn, wat de Procureur zeréckweist.

Um Ufank vun der Sëtzung vun en Dënschdeg de Mëtte gouf e Bréif vum Procureur général Robert Biever virgelies. Dee krut um Dënschdeg de Moie vum Geheimdéngscht-Chef Patrick Heck matgedeelt, dass en E-Mail vu Februar 2008 vum deemolege SREL-Direkter Marco Mille un de Fränk Schneider an un den André Kemmer fonnt gouf.

Doraus geet ervir, dass de Marco Mille dem Robert Biever 2006 an 2008 vun enger Implikatioun vu Stay behind an d'Bommenattentater geschwat wëll hunn. Dovu wëll de Procureur général awer näischt wëssen.

Et kéint wuel sinn, dass de Marco Mille an enger Entrevue mam Robert Biever iwwer Stay behind geschwat hätt; vun enger Implikatioun vun deem Reseau an d'Attentater wär awer net Rieds gaangen, seet de Procureur général.

Dono goung et viru mat den Ausféierunge vum Policeenquêteur Carlo Klein iwwert d'Spur Ben Geiben.

Hellegen Amnesio hu se an der Police hire Generaldirekter Pierre Reuland genannt, esou ëm den Dréi wéi deen entlooss ginn ass. A wien dem Enquêteur Carlo Klein nogelauschtert huet, deen huet verstan wéi de Pierre Reuland sech dee spëtzbumm verdéngt hat. Einfach esou: hien konnt sech u näischt, guer näischt, glat näischt erënneren, wat mat der faméiser Observatioun op de Ben Geiben am Oktober 85 ze dinn hat. Déi Observatioun, déi jo esou grandios schif gaang war, wéi d’Bomm um Geriicht explodéiert ass, a wéi de Ben Geiben am Land war a wéi de Jos Steil seng Kollegen mat falschen Informatioune gefiddert hat. “Ich kann micht nicht erinnern” – dat ass de Saz, dee gefillten 317 Mol vum Carlo Klein zitéiert ginn ass.

An de Pierre Reuland ass net deen eenzegen Amnesio gewierscht, deen esou zitéiert ginn ass, och säin Adjoint de Guy Stebens huet keng Memoire un déi Observatioun – hien deen awer als iwwerkorrekt a fäerterech beschriwwe gëtt. De Maître Gaston Vogel freet sech schon op d’Auditioun vun den Zeien vum 2. Mee un.

Um Schluss war den Enquêteur Klein op dat ze schwätze komm, wat d'Bommeleeër-Enquêteuren deemools "schockéiert" hat, si wiere bleech am Gesiicht gewierscht, hätten diskutéiert a sech direkt Notize gemat, nämlech doriwwer, datt am Oktober 2006 op engem Kollegen-Abschied de Pierre Reuland hinne suggeréiert hätt, de ganzen Dossier Bommeleeër einfach zouzeman, si kéinten dach net bis zur Pensioun dorop schaffen, et giff egal wat fir nei Plazen fir si ginn an der Police an alles – d’ Affär also – wier manner schlëmm wéi si denke giffen.

Garnéiert mat dem passende Saz, et misst ee sech jo net un alles ëmmer erënnere kënnen an d’Press, déi kéint jo esou vill Tapage man wéi se wéilt, dat giff erlaanscht goen. D’Riichterin – déi dat jo alles aus dem Dossier kennt – déi sot trotzdeem, zwee Mol, an dat do ass d’Opfaassung vum Police-Direkter. A se huet de Kapp gerëselt.

Bommeleeër-Prozess: Rapport vun Mill u Biever?
De fréiere SREL-Chef Marco Mill soll dem Robert Biever 2006 an 2008 eng méiglech Verwécklung vun "Stay Behind" an d'Bommen-Attentater matgedeelt hunn.