Fir de Maître Gaston Vogel gëtt et nämlech eng Koinzidenz tëscht dem Attentat op e Pilier an dem Reperage do duerch de Colonel Armand Bruck.

De Me Vogel ass um Ufank vun der Sëtzung vun e Mëttwoch op déi rezent Informatioun vum SREL-Direkter Patrick Heck zum Colonel Armand Bruck zeréckkomm.

Fir den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer gëtt et eng Koinzidenz tëscht dem Attentat do an dem Reperage duerch de Colonel: Dowéinst huet de Me Vogel eng Perquisitioun/Saisie bei der Arméi gefrot.

Den Affekot huet donieft festgehalen, dass Beideler-Zeien net gehéiert goufen an dass de Colonel Bruck gesot hätt, d'Bommeleeër wäre Leit vun hinnen. Och sollt et zu enger Auditioun vum deemolege Chauffeur vum Colonel kommen.

Am Zesummenhank mat der Informatioun iwwert d'Gespréicher, 2006 an 2008, tëscht dem deemolege SREL-Chef Marco Mille an dem deemolege Procureur Robert Biever soll et, wann et dem Me Vogel no geet, zu enger Konfrontatioun tëscht deenen zwee Leit kommen.

Den Affekot huet donieft erkläert, dass eng Foto zum Manöver Oesling 84 beweise géif, dass Leit vum SREL dobäi waren.

Dem Porte-parole Henri Eippers no lafen an der Justiz iwwregens d'Preparativen, fir de Bommeleeër-Prozess bis de 15. Juli ze verlängeren. Bis deen Datum géif et am Rhythmus vu 4 Sëtzungen d'Woch virugoen!

AUDIO: Juncker iwwer SREL/Reportage vum Max Theis

Wat den Dossier Geheimdéngscht ugeet huet de Premier am RTL-Interview betount, dass hien net wousst, dass et ee Back-Up vum SREL-Archiv zu Senneng géif ginn. Dat wonnert de Jean-Claude Juncker net, well een hien net doriwwer misst informéieren. Hien hätt et allerdéngs direkt versigele gelooss wéi en dovu gewuer gouf, also Enn leschter Woch.

De Jean-Claude Juncker dementéiert formell, dass hien d’Firma Sandstone vum fréiere SREL-Mataarbechter Fränk Schneider opgefuerdert huet, de Loyer vum fréiere President vun der Chambre des Comptes Gérard Reuter ze bezuelen. De Jean-Claude Juncker hätt direkt ordonnéiert, déi Praxis ze stoppen, nodeems e gewuer gouf, dass dem Gérard Reuter seng Privatwunneng vum Geheimdéngscht bezuelt gouf.

Bomm: Vogel freet Perquisitioun bei Arméi
Bomm: Vogel freet Perquisitioun bei Arméi