Dem Porte-parole Henri Eippers no lafen an der Justiz d'Preparativen, fir de Bommeleeër-Prozess bis de 15. Juli ze verlängeren.

Et wuel keen sou richteg domadder gerechent, datt de Bommeleeërprozess wéi geplangt am Mee ofgeschloss kéint ginn. Elo ass et sécher, datt deen Timing net méi ze halen ass.

Ëmmerhi bleiwen nach bal alleguerten déi 90 Zeien ze héieren.

Bei der Justiz lafen den Ament d’Virbereedungen, fir de Prozess bis de 15. Juli ze verlängeren.

Wéi hire Spriecher Henri Eippers um Mëttwoch erkläert huet, géif et am aktuelle Rhythmus weidergoen, dat heescht mat 4 Sëtzunge pro Woch.

De BL Prozess dauert op mannst bis Mett Juli
D'Défense kritt vollen Ableck an d'Procès Verbaux vun André Kemmer a Fränk Schneider aus den Auditiounen vun der Enquêtekommissioun.

Den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser huet sech beim President vun der SREL-Enquêtekommissioun, dem Alex Bodry gemellt, fir him matzedeelen, dat hien an den 80 Joeren als Arméi-Offizéier bei enger Rei Manöver matgemeet huet, dorënner och den Oesling 85.

Iwwert den Oesling 84-Manöver a soss d'Roll vun der Arméi zu där Zäit gëtt jo den Ament an der Kommissioun diskutéiert an dowéinst géif den Fernand Kartheiser fir e Gespréich zur Dispositioun stoen.